Dës Woch ginn an der Chamber nees eng hellewull Projeten diskutéiert an interessant Sujeten debattéiert:
Méindeg, 29. Juni 2026
Walgesetz-Reform
D’Institutiounekommissioun schafft weider un der Moderniséierung vum Walgesetz. Et geet ëm eng éischt Versioun vu méiglechen Ännerungen. Zil ass et, d’Reegele fir d’Organisatioun vun de Walen un d’Realitéit vum 21. Joerhonnert unzepassen.
Large Scale Testing
Budgetskontrollkommissioun hëllt e Projet de Rapport zum Spezialrapport vum Rechnungshaff iwwer de Large Scale Testing wärend der Covid-Pandemie un. Et soll méiglecherweis och eng Orientéierungsdebatt an der ëffentlecher Sëtzung dozou ginn.
Gesondheetsofdeckung
D’Gesondheetskommissioun analyséiert ënnert anerem eng Proposition de loi fir eng universell Gesondheetsofdeckung zu Lëtzebuerg anzeféieren.
Dënschdeg, 30. Juni 2026
Visitt an der École internationale Mersch Anne Beffort
D’Educatiounskommissioun mécht eng Visitt um Terrain an der internationaler Schoul zu Miersch.
Recht op Vergiessen no enger Kriibserkrankung
D’Gesondheets- an d’Finanzkommissioun beschäftegen sech mat enger Proposition de loi, déi e Recht op Vergiesse fir Persounen aféiere soll, déi vu Kriibs geheelt sinn. Domadder soll hinnen den Accès zu bestëmmten Assurancen am Kader vun engem Prêt méi einfach maachen.
Tripartite, STATEC an Hëllefe fir grouss Stroumverbraucher
An der Spezialkommissioun „Tripartite“ presentéiert de STATEC d’Zuelen an d’Scenarien, déi d’Basis fir d’Tripartite-Diskussiounen an d’Mesurë vum Accord vum 8. Juni 2026 waren.
Donieft gi Gesetztexter fir d'Energiepräisbrems analyséiert an et gëtt de Projet de loi 8774 presentéiert: cibléiert Hëllefe fir grouss Stroumverbraucher, déi staark vun héije Stroumpräisser betraff sinn. D’Käschte ginn, jee no Stroumpräisentwécklung, op 32 bis 52 Milliounen Euro fir 2026 bis 2028 geschat.
Mëttwoch, 1. Juli 2026
Lëtzebuerger Medikamentenagence
D’Gesondheetskomissioun schafft weider um entspriechende Gesetztext.
Wärmepompelen: méi kloer Reegelen a Kontrollen
D’Ëmweltkommissioun kritt de Projet de loi 8595 iwwer Wärmepompelen presentéiert. Et geet ëm d’Installatioun, d’Kontroll an d’Abetribnam vu Wärmepompelen awer och em Sécherheet, Energieeffizienz an Ëmweltschutz.
PFAS / „Eiwegkeets-Chemikalen “
Véier Kommissiounen — Ëmwelt, Landwirtschaft, Gesondheet an Aarbecht — diskutéieren zesummen iwwer PFAS. Um Ordre du jour stinn den éischten interministerielle PFAS-Rapport an eng Kartographie vun de Beruffer a Posten, déi PFAS an TFA ausgesat sinn.
Rapport 2025 vun der Inspection générale de la Police
D’Intérieurskommissioun huet en Austausch iwwer de Rapport d’activités 2025 vun der Inspection générale de la Police.
Donneschdeg, 2. Juli 2026
Space Campus a gréng Technologien
D’Ekonomiekommissioun schafft weider um Projet vum Space Campus. De Projet de loi 8768 gesäit Hëllefe fir strategesch gréng Technologie vir, zum Beispill Batterien, Solarpanneauen, Wandenergie, Wärmepompelen oder Elektrolyseuren. Käschtepunkt: bis zu 197 Milliounen Euro .
Gesetz iwwert de Gardiennage
An der Justizkommissioun gëtt um Gesetzesprojet iwwert déi privat Gardiennage- a Surveillance-Aktivitéite geschafft.
Tram, Intelligent Transportsystemer an den ëffentleche Busdéngscht
An der Transportkommissioun gi véier Rapporte presentéiert an ugeholl: iwwer Stroossen a Voirie-Geneemegungen, d’Tramsverlängerung bis bei de CHL, intelligent Transportsystemer bis hinn zur Finanzéierung vum ëffentleche Busverkéier.
Logement: dräi Rapporten
D’Logementskommissioun kritt dräi Rapporte presentéiert: de Rapport annuel 2025 vum Fonds spécial pour le logement abordable, de Rapport d’activité 2025 vum Fonds du Logement an de Rapport d’activité 2025 vun der SNHBM.