CHAMBERAARBECHT
D’Nathalie war Spriecherin zur Verfassungsännerung:
D’Fräiheet fir all Fra op eng Ofdreiwung ass an der Verfassung verankert ginn. D’Selbstbestëmmung vun der Fra soll dauerhaft an onofhängeg dovun, aus wat fir enger Richtung de politesche Wand bléist, geschützt ginn, huet si betount. Et géing ëm eppes Fundamentales goen – de Respekt virun der Decisioun vun enger Fra an enger Noutsituatioun.
Rapportéiert huet si och verschidde Gesetzer am Aarbechtsrecht an an der Innepolitik:
Mam Skillsplang gëtt d’Ongläichgewiicht tëschent der disponibeler a gebrauchter Kompetenz um Aarbechtsmaart bekämpft. Et goufe méi geziilt finanziell Ureizer geschafe fir Leit ëmzeschoulen, respektiv hir Kompetenzen ze verbesseren. Besonnesch déi mat den niddregste Qualifikatioune kréie Perspektive gebueden.
De Plan de maintien dans l’emploi kritt eng besser Begleedung duerch de Konjunkturcomité an eng besser Finanzéierung duerch de Beschäftegungsfong.
D’Reform vum System, wéi vill d’Gemengen an de Beschäftegungsfong abezuele mussen, féiert zu méi Solidaritéit.
D’Nathalie ass och CSV-Spriecherin fir Famill, Integratioun a Gläichstellungsfroen.
Am Kampf géint d’Aarmut gouf een Zouschoss agefouert fir Leit, déi sech d’Altersheem net kënne leeschten. De Logement, mee och essentiel Servicer wéi d’Wäsch, Telefon oder Televisioun si garantéiert.
D’Nathalie wäert besonnesch op d’Ëmsetzung vun deene verschiddenen Aktiounspläng uechten, wéi Aarmut, geschlechtsbaséiert Gewalt oder Anti-Rassismus.