CHAMBERAARBECHT
Als Presidentin vun der Lëtzebuerger Delegatioun bei der parlamentarescher Versammlung vun der NATO ass d’Nancy Spriecherin fir all Debatt iwwer dëst Bündnis. Zur Ausriichtung an Erhéijung vun de finanziellen NATO-Ziler seet si, dass kee Loscht op méi héich Militärausgaben hätt, mä Fridden a Sécherheet géif et net fir näischt ginn. D’Investitiounen an Zukunftstechnologië wéi Dronen a Cyber-Sécherheet, an och d’Finanzplaz kéinten eng wichteg Roll spillen. D’Zil wier net eng Remilitariséierung, mee d’Fräiheet a Sécherheet vun de Bierger an Europa z’erhalen.
D’Nancy ass houfreg, dass d’Petitiounen ënnert hirer Presidentschaft (bis 2023) staarken Opdriff a Beléiftheet kritt hunn. Et ass hir immens wichteg, dass d’Politik op d’Bierger lauschtert a si matgestalte léisst. Grad esou houfreg ass si, dass déi onofhängeg Ulafstell fir Kanner an Affer vu sexuellem Mëssbrauch, déi si an enger Motioun gefuerdert hat, Realitéit gouf an dass d’Gesetz zum sexuelle Mëssbrauch entspriechend verschäerft ginn ass. Dëse Sujet ass elo keen Tabu méi, betount si.
Sujete vum Nancy hire sëlleche parlamentaresche Froe si virun allem Gläichstellung, Sport a Beweegung an all Alter, awer och Fraegesondheet.
D’Nancy wäert sech nieft de Sujete Gesondheet a Sport, mat Chancegläichheet a Sécherheet befaassen.