CHAMBERAARBECHT
Als Rapporter fir de Budget 2026 huet de Maurice de Schwéierpunkt op d’Aarmutsbekämpfung duerch eng cibléiert Sozialpolitik gesat, virun allem de Kampf géint Kanneraarmut.
Well: Eng Politik géint d’Kanneraarmut ass keng Almosepolitik - si ass eng Investitioun an d’Zukunft. D’Zil ass eng geziilt Aarmutsbekämpfung iwwer all Ministèren ewech. An deem Sënn gouf sech mat iwwer 60 Interessevertrieder getraff, de Budget analyséiert an et goufen dann och 16 Recommandatioune formuléiert. 15 Milliarden Euro, dat si ronn 46 Prozent vun den Ausgabe vum Staat, fléissen dëst Joer a sozial Transferten
De Maurice war Spriecher fir d’CSV bei der Ëmsetzung vum Gehälteraccord am ëffentlechen Déngscht:
Eng Erhéijung vum Punktwäert vun 2 Prozent fir 2025 an en hallwe Prozent fir 2026
Eng Harmoniséierung vun den ënneschte Karriären
D’Zënssubventioune bei Immobiliekreditter, déi erop gesat goufen
A Chamberdebatten zum Sujet Digitaliséierung huet de Maurice betount, dass d’Digitaliséierung a kënschtlech Intelligenz Prioritéite musse si fir e moderne Staat. Et misst een all Bierger op dëse Wee mathuelen
De Maurice freet sech op d’Ëmsetzung vum Aarmutsplang mat all senge Projeten.