CHAMBERAARBECHT
De Fraktiounspresident positionéiert d’CSV bei den Debatten zum Staatsbudget:
Fir 2026 huet de Laurent ervirgehuewen, dass de Budget déi Schwächst an eiser Gesellschaft duerch cibléiert a méi effikass sozial Moossnamen ënnerstëtzt. Donieft gëtt awer och d’Zukunftsfäegkeet vum Land duerch héich Investitiounen an Infrastrukturen, an Educatioun, Ëmwelt, Digitaliséierung an Innovatioun, gestäerkt. Hie verbënnt also déi sozial, wirtschaftlech an ekologesch Verantwortung vum Staat. D’Staatsschold bleift derbäi stabel zur Wirtschaftskraaft - de Budget ass deemno nohalteg a wierkt och fir déi kommend Generatiounen.
De Laurent ass als President vun der Institutiounekommissioun mat juristesch konstitutionelle Froe befaasst:
Hien ass Member vum Aarbechtsgrupp zum Statut vum Deputéierten.
Hie moderéiert d’Diskussiounen iwwer d’Reform vum Walgesetz.
Fir d’CSV ass d’Chamber den éischte Biergerrot vum Land an d’CSV setzt éischter op een oppenen Dialog mat de Bierger, wéi weider Institutiounen ze schafen. Gäre géing hien d’Méiglechkeet vum elektronesche Vott aféieren.
Als Spriecher fir Aussepolitik huet de Laurent d’CSV-Positioun zum Ukrain-Krich an zu de Konflikter am Noen Osten an Zäite vum „Trumpismus“ vertrueden. D’CSV steet zum Existenzrecht vun Israel a fir en demokratescht a fräit Palästina. D’CSV steet op der Säit vun der demokratescher Beweegung am Iran an huet sech fir d’Astufung vun de „Revolutiounsgarden“ als terroristesch Organisatioun agesat Justiz an Institutioune wäerten d’Schwéierpunkte vu senger Chamberaarbecht sinn.