CHAMBERAARBECHT
De Laurent ass CSV-Spriecher fir d’Sécherheetspolitik an d’Justiz:
Hie war Rapporter vum Gesetz zur Aféierung vun der lokaler Police. D’Proximitéit tëscht Police a Bierger géif esou gestäerkt an d’Preventioun ausgebaut ginn.
Bei schwéiere Fäll vu Kriminalitéit ass elo d’Prisongsstrof d’Reegel, an de Sursis d’Ausnam, wou de Riichter motivéiere muss, firwat hien deen accordéiert.
De Kampf géint Geldwäsch gouf verschäerft.
D’Iwwerwaachungsmesuren am Verdachtsfall goufen erweidert.
Bei der sougenannter Mini-Instruktioun ginn d’Prozedure verkierzt an den Uwendungsberäich méi grouss.
Fir d’Finanzplaz weider attraktiv ze halen, mussen net nëmmen Talenter aus dem Ausland ugezun, mä d’Talenter hei am Land gehale ginn, betount de Laurent Mosar.
Déi sougenannt „carried interest”, also eng speziell steierlech Reegelung fir Fongemanager, déi un der Performance vun de Fonge bedeelegt ginn, sollen dat ënnerstëtzen
Privatpersoune kënnen elo vun engem neie Steierkredit profitéieren, wann si wëlle jonk an innovativ Start-Up’en ënnerstëtzen
De Laurent huet och bei etlech Debatte geschwat, wéi zum Google-Datenzenter oder zu Glécksspiller an eng Hellewull Froe gestallt iwwer d’Bankeplaz, d’Kriminalitéit oder d’Steierpolitik
Hie wäert d’Beräicher Finanzen a Wirtschaft, Justiz a Sécherheet weider enk begleeden.