CHAMBERAARBECHT
Als Spriecher fir Landwirtschaft a Liewensmëttelsécherheet huet de Jeff d’Wuert ergraff an Debatten, wéi déi iwwer gesond Iessen oder Obesitéit. Hie war Rapporter vu verschidde Gesetzer:
D’Reform vum Gesetz iwwer Déierekrankheeten hëlleft virzebeugen, fréi ze erkennen a séier ze reagéieren.
D’ASTA kritt een neit Gebai an een neie Labo nieft der Akerbauschoul.
Mat 20 Milliounen Euro ginn Investitioune vu landwirtschaftleche Betriber a gréisser Zäre subventionéiert.
D’Drénkwaasserversuergung gouf iwwert dat neit SEBES-Gesetz verbessert.
Och am Beräich Energie an Energiesécherheet war hie Spriecher vu wichtege Gesetzer:
Bei de Subside fir Photovoltaik-Anlage muss een näischt méi virfinanzéieren a bezilt just nach säin Deel vum Invest.
D’Regierung investéiert dëst Joer 150 Milliounen Euro an d’Netzkäschten, fir Stéit, Betriber an d’Industrie ginn esou d’Stroumpräisser erof.
D’Energieprimm gouf fir Leit mat niddregem.
Akommes verdräifacht.
De Jeff huet och fir d’CSV zu anere Gesetzer geschwat:
D’Zentral fir d’Akeef an d’Logistik am Gesondheetsberäich (CNAL) bedeit méi Effizienz, manner Käschten an e bessere Stock vu kriteschem Material.
D’Reform vun der Meeschterausbildung am Handwierk mécht nei Perspektiven op fir Jonker a fir Leit, déi sech eréischt méi spéit fir d’Handwierk decidéieren.
Säin Accent wäert um Ausbau vun den erneierbaren Énergien an Energieinfrastrukture leien.