Wéi gesäit d'Zukunft vun der lëtzebuergescher Schwéngsproduktioun aus?

Jeff BOONEN

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeginn.

D’Schwéngsproduktioun zu Lëtzebuerg ass zënter Jore mat wirtschaftlechen Erausfuerderunge konfrontéiert. Wärend d’Produktiounskäschten hei am Land zu deenen héchsten an Europa zielen, orientéiert sech d’Präisbildung gréisstendeels un den Entwécklungen op den auslännesche Mäert, besonnesch un der däitscher VEZG-Notéierung. Rezent ass dës Kotéierung op 1,40 €/kg gefall, an dat ausgerechent an enger Period, déi traditionell als favorabel fir d’Schwéngefleeschproduktioun gëllt.

Gläichzäiteg schéngt sech den Trend fortzesetzen, datt ëmmer manner Schwäin zu Lëtzebuerg geschluecht a veraarbecht ginn, wärend e groussen Deel vun der nationaler Produktioun exportéiert gëtt an den Handel verstäerkt op importéiert Fleesch zeréckgräift. Dës Entwécklung werft Froen op iwwer d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Schwéngsproduktioun, der Liewensmëttelsouveränitéit an der Wierksamkeet vun de Mesuren zur Stäerkung vun de regionale Produktiounsketten.

An deem Kontext géif ech der Madamm Landwirtschaftsministesch gär follgend Froe stellen:

  • Wéi huet sech d’Zuel vun de Schwäin, déi zu Lëtzebuerg gehal respektiv geschluecht ginn, an de leschten zéng Joer entwéckelt?

  • Wéi héich ass den aktuelle Selbstversuergungsgrad beim Schwéngefleesch, a wéi huet sech dësen an de leschte Joren entwéckelt?

  • Wéi vill vun den zu Lëtzebuerg produzéierte Schwäi ginn am Land geschluecht a veraarbecht, a wéi vill ginn exportéiert?

  • Leien der Regierung Donnéeën iwwer d’Origine vum Schwéngefleesch vir, dat zu Lëtzebuerg vermaart gëtt?

    • Wa jo, wéi huet sech den Undeel vu lëtzebuergeschem, importéiertem an am Ausland veraarbechte Fleesch an de leschte Joren entwéckelt?

  • Wéi bewäert d’Regierung déi aktuell wirtschaftlech Situatioun vun de lëtzebuergesche Schwéngsbetriber?

  • Wéi vill Betriber hunn an de leschten zéng Joer d’Schwéngsproduktioun opginn?

  • Wéi eng konkret Mesuren huet d’Regierung schonn ëmgesat oder plangt si nach, fir d’Kompetitivitéit vun der lëtzebuergescher Schwéngsproduktioun ze stäerken an d’Veraarbechtung an d’Valorisatioun vu lëtzebuergeschem Schwéngefleesch am Land ze fërderen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen
Deputéierten