Georges Mischo
GEORGES MISCHO ESCH/UELZECHT, SPORTPROFESSER

De Georges Mischo gouf den 18. September 1974 zu Esch-Uelzecht gebuer. Vu Beruff ass hie Sportsprofesser. 

2011 huet hien eng éischt Kéier bei de Kommunalwalen zu Esch-Uelzecht kandidéiert a gouf 2014 Member vum Escher Gemengerot. Bei de Gemengewale vum Oktober 2017 war hien du Spëtzekandidat vu senger Partei a gouf Buergermeeschter – e Mandat, dat hien 2023 mat Succès verteidegt huet. 

Um nationalen Niveau gouf hie bei de Chamberwale vum Oktober2018 grad sou wéi bei deene vum Oktober 2023 als Kandidat vun der CSV am Walbezierk Süden an d'Chamber gewielt. Am November 2023 huet hien op seng Deputéierten- a Buergermeeschtermandater verzicht, fir Minister fir Aarbecht a Sport ze ginn. Den 8. Dezember 2025 ass hien als Minister zeréckgetrueden, fir vum Januar un erëm an der Chamber ze siegéieren. 

A senger Parlamentsaarbecht bekëmmert sech de Georges Mischo virun allem ëm d’Kommissioune fir Santé a Sozialversécherung, fir Medien a Kommunikatioun, fir d’Fonction publique a fir Kultur.

De Georges Mischo ass Papp vun zwee Kanner. Si sinn fir hien säi gréissten Hobby, duerno kënnt de Sport wou hien am léifste Ski fuere geet. Dernieft reest hien gären an entdeckt gären déi aner Deeler vun der Welt. 

Mir hunn e staarke Sozialsystem. Mir mussen elo alles dru setzen, fir deen net nëmmen ze erhalen mee och laangfristeg ofzesécheren.
Georges Mischo

CHAMBERAARBECHT

De Georges gouf eréischt den 20. Januar 2026 am Parlament vereedegt. Zanterhier huet hie  verschidde parlamentaresch Froe gestallt, wéi zur  Zukunft vun der Gebléishal zu Esch-Belval oder  der Sécherheet vun de Passagéier am ëffentlechen  Transport.

A senger Zäit als Minister fir Aarbecht a fir  Sport huet hie verschidde Projeten op den  Instanzewee geschéckt, déi deels och scho  gestëmmt sinn. Wéi d’Sonndesaarbecht, déi  op bis zu 8 Stonnen eropgeet, d’Upassung  vun de Beschäftegungsmesurë fir Jonker oder  d’Méiglechkeet, de Chômage och online kënnen  unzefroen. Als Sportminister huet de Georges de  Budget méi wéi verduebelt. Vun 41 Mio ënnert  sengem Virgänger op 87 Mio Euro fir 2026.

De Georges ass Rapporter gi vun engem  Gesetzesprojet zur Ëmsetzung vum Gehälteraccord  am ëffentlechen Déngscht. Et geet drëms, dass och  d’Employéë vum Staat ënnert den disziplinaresche  Regime vun der Fonction publique falen. Hie  wäert och Rapporter gi vum neie Pressegesetz.

Dem Georges säi Schwéierpunkt wäert op der  sozialer Sécherheet leien.

FOTOGALERIE

KOMMISSIOUNEN

  • Member Kommissioun fir Santé a Sozialversécherung
  • Member Kommissioun fir Medien a Kommunikatioun
  • Member Kommissioun fir d’Fonction publique
  • Member Kulturkommissioun

Noriichten a Parlamentaresch Froen

Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
No wéi enge Krittäre gi Stroossechantiere bei extremer Hëtzt geplangt an duerchgefouert?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Wéi gedenkt d’Regierung de gesetzleche Kader fir elektresch Trottinetten unzepassen, fir méi Sécherheet a besser Zesummeliewen am ëffentleche Raum ze garantéieren?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Äntwert op d'Fro: "Wéi steet et ëm de Google-Projet zu Biissen an d’Entwécklung vun der kënschtlecher Intelligenz zu Lëtzebuerg?"
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Äntwert op d'Fro: "Wéi eng weider Mesure ginn an d‘Weeër geleet fir Attacken op d'Personal am ëffentlechen Transport ze verhënneren?"
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Äntwert op d'Fro: "Wat geschitt mat der Gebléishal um Belval?"
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Laurent MOSAR
De Stade de Luxembourg gëtt wéinst den héije Loyerskäschten net vill vun der Rugby-Federatioun genotzt. Wéi eng Léisung proposéiert den Här Sportminister, fir der Rugby-Federatioun bei de Loyerskäschte fir de Stadion entgéint ze kommen?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Est-ce que Monsieur le Ministre à la Grande Région, dans un souci de cohérence, pourrait-il intégrer le Président du syndicat intercommunal ProSud dans la délégation luxembourgeoise lors des réunions de la commission intergouvernementale franco-luxembourg
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Est-ce que vous pouvez me confirmer qu’un projet de loi sur les mines est en cours de rédaction par les services de l’ITM ?
Parlamentaresch Fro
Nancy ARENDT
Georges MISCHO
Laurent MOSAR
Ass de Sportminister der Meenung datt d'konsequent Applikatioun vun de Reegele vum BMI duerch de „Service médico-sportif“ fir all Sportaarte gëlle sollen oder misst et fir bestëmmte Sportaarten eng Ausnamereegelung ginn ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Kann de Minister vun der Sozialer Sécherheet bestätegen, datt d’CNS och am Fall vun enger medezinescher Urgence de Remboursement vun enger Hospitalisatioun am Ausland verweigert, obwuel hei am Land kee Bett méi op enger Neonatologie-Statioun fräi ass?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Wéi vill Gemengen hunn d'Lieu'en fir de feierlechen Acte vun engem Mariage oder engem Partenariat schonn definéiert an um Ministère agereecht?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Wéi vill Gemengen hunn d'Kompetenzerweiderung um kommunalen Niveau vun den Agents municipaux schonn ëmgesat an am Gemengerot ofstëmme gelooss?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Jean-Marie HALSDORF
Wéi ass et méiglech, dass dee concernéierte Beamten nach bis haut President vum SEBES ass, wou hien de Statuten no den Inneministère vertrëtt, bei dem hien awer scho länger Zäit net méi schafft?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Huet den Här Ausseminister Kenntnis vun der Tatsaach, dass d`UNRWA anti-semitesch an anti-israelesch Inhalter subventionnéiert ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Marc SPAUTZ
Wéi ass d’Positioun vun der Madamm Minister par Rapport zu enger eventueller Nei-Notzung vun der Source Bel-Val?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Genee wéi d‘Stad Lëtzebuerg huet och Esch, déi zweetgréisste Stad am Land mat 37.000 Awunner een Impfzenter an grouss Centre commercialen, mee kritt awer kee Pop-up. Firwat ass dat esou?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
D'Etude CLEAR hat d'Ziel méi iwwer d'Suitten vun enger Covid-19 Infektioun bei de Kanner rauszefannen. Wat sinn d'Konklusiounen vun der Etude? 
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Groussen Undrang a laang Waardezäiten fir PCR-Tester an de Covid-19-Testzentren a Laboratoiren: Wat geschitt, wann d'Neiinfektiounen op 5000 bis 7000 den Dag erop ginn?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Gëtt et mam zukünftegte Covid-Gesetz iwwerhaapt eng Méiglechkeet de Lancement vun der Europäescher Kulturhaaptstad de 26. Februar 2022 z'organiséieren?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Aus wéi engem Grond kréien aner Professiounen déi och a Kontakt sinn mat Patienten keng Booster Impfung offréiert, wëssend datt se sech selwer an awer och de Patient kënnen ustiechen ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Kann den Här Educatiounsminister confirméieren, dass d’Gemengen net méi mat Zuelematerial iwwer de schoulesche Parcours vun „hire“ Schoulkanner informéiert ginn ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Huet d’Regierung sech evtl. schonn Totimpfstoffer geséchert? Wa jo, wéi vill Dose soll de Grand-Duché kréien?
Parlamentaresch Fro
Martine HANSEN
Georges MISCHO
FLF muss Matcher ofsoen. Gouf et keng Kommunikatioun tëscht dem Minister an der Football-Federatioun ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Wéi gesäit et mat den Diskussiounen iwwert d'sanitär Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg a Frankräich aus ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Wat gesäit d’Regierung dans un premier temps fir, vir notamment d’ Maintenance vum informateschen System vun eisen Impfzentren ze assuréieren an ze garantéieren datt den Impfpatient e Covid-Check Zertifikat kritt mat deenen richtegen Donnéeë ?
Parlamentaresch Fro
Martine HANSEN
Georges MISCHO
Marc SPAUTZ
Wat sinn d’Grënn fir déi weider grouss Waardezäiten fir e Rendezvous an der Mammographie ze kréien ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Marc SPAUTZ
Wat ass an de leschte Jore konkret ënnerholl gi fir d’Waardezäiten an der Kannerklinik ze reduzéieren ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Erkennt de Minister d‘Neidegechkeet vun engem Sportzenter fir d’Uni um Belval un fir esou de (zukünftege) Bedürfnisser vun der Uni gerecht ze ginn?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Firwat gëtt et an de Museksschoulen um Gemengenniveau keen "Projet d'accueil individualisé" ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Gëtt et eng Menace fir d'Sécherheet vun de Synagogen zu Lëtzebuerg ? Wéi gëtt dëser entgéint gewierkt ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Aus wéi engem Grond kritt d’Personal aus de Spideeler, dat sech retrospektiv elo awer well impfen loossen, respektiv dat rezent réischt agestallt ginn ass, e Refus direkt geimpft ze ginn an muss waarden bis et erëm un den Tour kënnt ?
Parlamentaresch Fro
Nancy ARENDT
Georges MISCHO
Firwat ass de Cross-Country Championnat ofgesot ginn ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Stëmmt et datt 200 Employé‘en pro Spidol an den Victor Hugo mussen kommen vir geimpft kënnen ze ginn an datt dës Leit d’Impfung net kënnen an de jeeweilegen Kliniken kréien?
Parlamentaresch Fro
Jean-Marie HALSDORF
Georges MISCHO
Wéi wäit ass de Gesondheetsministère mat der Sensibiliséierungscampagne, déi op méiglechst vill Froe vun de Leit äntwert a jidderee motivéiert sech impfen ze loossen ?
Parlamentaresch Fro
Nancy ARENDT
Georges MISCHO
Firwat wëll de Sportminister op d'Kompetenzen an d'Erfarunge vun engem Sportsproff um Poste vum Sportskommissär verzichten?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Firwat sinn déi fräiwëlleg Pompjeeën fir hier Organisatiounen a Festivitéiten an de Gemenge net méi verséchert ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Stëmmt et datt et geplangt ass 2022, wann Esch europäesch Kulturhaaptstad wäert sinn, d’Zuchstreck Lëtzebuerg Esch-Uelzecht wärend 2 Méint wéinst Aarbechten ze spären ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Hunn d'Federatioune kloer Consigne wéi Kompetitioune mat Zuschauer organiséiert kënne ginn?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Wéi eng Formatioune kritt d’CFL Personal ugebuede fir besser op d’Besoine vu de Passagéier anzegoen? Gëtt d’Personal systematesch drop higewisen z.B. Passagéier mat reduzéierter Mobilitéit oder Famille mat Kanner, do wou kee Lift ass, unzepaken?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
D'Fourrière vun der Police zu Esch/Belval ass aus Sécherheetsgrënn mat Effet immédiat zougemaach ginn. Wat mëscht d'Regierung fir d'Police bäi der Sich no enger provisorescher Léisung ze ënnerstëtzen ? Firwat gouf net schonn 2019 mat der Sich no enger pro
Parlamentaresch Fro
Martine HANSEN
Georges MISCHO
A punkto Large-Scale-Testing huet d'Gesondheetsministesch dem Luxembourg Institute of Health eng Derogatioun accordéiert an et esou dësem Institut erlaabt, déi sougenannten Pooling-Method ze applizéieren mat der Zilsetzung d’Testkapazitéiten ze erhéijen.
Parlamentaresch Fro
Martine HANSEN
Georges MISCHO
Wéi hunn déi Lycéeën reagéiert an deene Schüler positiv getest goufen ? Sinn dës Schüler an Isolatioun a wéi huet d'Prozedur fir dëse Schüler hir Klassenkolleegen ausgesinn ?
Parlamentaresch Fro
Marc LIES
Georges MISCHO
Ass et normal dass grouss Gemengeflächen als „Lieu de distribution“ fir Maske, respektiv als Platz fir COVID-19 Tester genotzt ginn, ouni dass d´Gemengeresponsabel virdrun doriwwer a Kenntnis gesat oder gefrot gi sinn ? Gëtt de finanziellen Impakt op de B
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Déi néi Nationalarchiven op Esch Belval sinn fir 2023 geplangt. Kann et sinn dat de Chantier de Projet “Esch Kulturhaaptstad 2022” deen am selwechten Quartier ofleeft stéieren wäert ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Marc SPAUTZ
An de leschten Deeg a Stonnen huet sech de Coronavirus rasant ausgebreet. Wéi gesäit d'Strategie vum Gesondheetsministère aus, an ass Lëtzebuerg dorobber virbereet wann de Coronavirus an eise Géigenden opdaucht?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Am Fräiwëllegendéngscht CGDIS ginn et nach ëmmer eng ganz Rëtsch Problemer. De Generaldirekter vum CGDIS huet a senger Neijoerschusprooch op e komplizéiert Joer zréckgekuckt. Wat huet et mat deene Problemer op sech?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Edukatiounsministère organiséiert Concours fir 3èmen mat enger Rees op Dubai. Ëm wat geet et a wat kascht et ?
Parlamentaresch Fro
Jean-Marie HALSDORF
Georges MISCHO
Zu Esch/Uelzecht huet eng vun den Apdikten hir Dieren zougemaach. Firwat? An ass des Apdikt am Intressi vun de Patienten nees geschwënn zougänglech?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Marc SPAUTZ
Impact de l'incendie dans la zone d'activités d'Esch/Lankelz sur la santé des riverains et l'environnement?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Ongewéinlech Rekrutementsmoossname bei der Sports-Uni Lunex zu Déifferdeng ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Quelles sont les répercussions de la gratuité des transports sur les guichets dans la gare d’Esch-sur-Alzette notamment au niveau du personnel et le service d’informations aux clients ?
Parlamentaresch Fro
Jean-Marie HALSDORF
Georges MISCHO
Goufen d’Preparatiounen fir e Militärspidol zu Lëtzebuerg gestoppt?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
D’Gebléishal um Belval steet aus Sécherheetsgrënn net fir Esch 2022 „Capitale Européenne de la Culture 2022“ zur Verfügung. D’Fourrière vun der Police ass awer an engem Deel vun der Gebléishal ënnerbruecht. Ass an deem Kontext d'Sécherheet garantéiert?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
De 24. Mäerz ass den Weltdag vum Kampf géint d'Tuberkulos : Wéi vill Leit sinn zu Lëtzebuerg vun der Krankheet betraff a wéi gesäit d'Preventiounspolitik vun der Regierung aus ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Double emploi tëscht Linn vun TICE an RGTR. Wat sinn d'Uersaachen ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Les commissions de loyers communales sont-ils des instruments adaptés au règlement rapide des différends en matière de loyers ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Gratis ëffentlechen Transport: Repercussiounen fir den interkommunale Bussyndikat TICE an déi Gemengen déi an Eegeregie een ëffentlechen Transport organiséieren ?
Parlamentaresch Fro
Georges MISCHO
Mise en œuvre du projet de la nouvelle École de Police à Mondercange: quel sera le futur emplacement et quels seront les délais d’opérationnalité?