CHAMBERAARBECHT
D’Pensiounsreform gouf iwwer 18 Méint mat enger breeder Consultatioun virbereet. Zil war, ee gemeinsame Sockel ze entwéckelen, deen en Equiliber tëscht der Ofsécherung, Viabilitéit vum System, an dem
Erhale vu senge soziale Fundamenter, erméiglecht.
D’Françoise war Rapportrice vun dëse Mesuren:
- Déi néideg Dauer vu Versécherungsperiode gëtt a verschidde Fäll liicht a graduell erhéicht
- D’Studiejore gi méi flexibel ugerechent
- Am Privatsecteur gëtt d’Méiglechkeet fir eng progressiv Pensioun agefouert
- D’Cotisatioune ginn ëm een hallwe Prozentpunkt souwuel fir d’Salariéeën, wéi och fir de Staat an de Patron an d’Luucht
Och am Gesondheetsberäich ginn et Reformen, fir déi d’Françoise Spriecherin war:
- Déi sougenannt Nikotinsäckelcher ginn net verbueden, mee reglementéiert. Den Nikotingehalt gëtt limitéiert, de Verkaf u Mannerjäreger verbueden, an de Marché gëtt kontrolléiert
- D’Gesetz zur Spidolsplanifikatioun gesäit 200 zousätzlech Better vir
- D’Spideeler kënnen op hiren zousätzleche Sitte fir ambulant Soinen elo och kleng Agrëff an der Dermatologie an der Ophtalmologie maachen
Si huet awer och oft d’Wuert ergraff an der Chamber:
- Zu den Auswierkunge vum Klimawandel op d’Aarbechtswelt
- Zum Nationale Gesondheetsplang
- Zur Santé publique
D’Françoise wäert sech besonnesch fir den Erhalt vum solidaresche Gesondheetssystem asetzen.