Félix Eischen
FÉLIX EISCHEN KIELEN, FRÄIBERUFFLER

De Félix Eischen gouf 1966 an der Stad Lëtzebuerg gebuer, 1987 ass hie Member vun der CSV ginn. Ier hien ugefaangen huet, aktiv Politik ze bedreiwen, war de Félix Eischen laang als Journalist fir RTL täteg an huet och e puer Joer als agent principal  am Assurancebüro vu senger Fra Olivia geschafft.

2009 gouf hien eng eischte Keier an d’Chamber gewielt, 2011 dunn an de Kielener Gemengerot, wou hien 2014 Schaeffen an 2017 du Buergermeeschter ginn ass.

Hie war waehrend 5 Joer vun 2013 bis 2018 CSV-Bezierkspresident am Süden an och nach eng Keier fir e puer Meint virun de Legislativen 2023. Vun 2019 bis 2021 hat hien de Poste vum Generalsekretär vun der CSV bekleet.

De Félix Eischen ass ganz aktiv a diverse Chamberkommissiounen, dorënner déi fir Wirtschaft, Sport, Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, souwéi déi fir Defense, Mobilitéit a fir d‘Kontroll vum Budget.

Félix Eischen ass bestuet a Papp vun zwee Kanner. 

Mir brauchen een ëffentlechen Transport vun héijer Qualitéit a mat manner Schuedstoffer fir d’Ëmwelt.
Félix Eischen

CHAMBERAARBECHT

De Félix war bis viru kuerzem President vun der Kommissioun fir Medien a Kommunikatioun.

Do hunn d’Aarbechten ugefaangen zur Reform vum Pressegesetz. Haaptpunkte sinn hei d’Aféierung vum speziellen Informatiounszougang fir Journalisten, d’Upassung vun der Pressehëllef an eng aktualiséiert .Definitioun vum Beruffsjournalist. 

Och dat neit Mediegesetz gouf virgestallt mat virop der Reform vun der Medienopsiicht.

De Félix Eischen war den CSV-Spriecher zu der Finanzéierung vum Busreseau vun den CFL.  Bis 2035 ginn hei 692 Milliounen Euro investéiert.  De Süd-Deputéierten huet sech och agesat,  dass de Busreseau TICE nei opgestallt a seng  Finanzéierung ofgeséchert gëtt. Hie war CoAuteur vun enger Motioun, déi d’Regierung dozou opgefuedert huet, d’Zukunft vum TICE  ze assuréieren. Dës Motioun gouf vu sämtleche  Parteien an der Chamber gedroen.

An enger fräier Tribün huet de Félix och Positioun  bezunn zum Handelsaccord Mercosur tëscht der  EU a verschiddene südamerikanesche Staaten.  Mat méi Handelsaccorde gëtt eis Liwwerketten  och méi diversifizéiert, huet hie betount. Mir sinn  also manner ofhängeg vu China an den USA a  stäerken domadder d’Resilienz vun der EU. Besser  Handel mat Accord wéi ouni, well doduerch déi  héich Standarde vun der EU garantéiert ginn. 

De Félix wäert sech virun allem ëm d’Froe vun  der Mobilitéit an der Fërderung vun de Kleng- a  Mëttelbetriber këmmeren.

FOTOGALERIE

KOMMISSIOUNEN

  • Member Kommissioun fir Wirtschaft, PME an Energie
  • Member Kommissioun fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
  • Member Sportskommissioun 
  • Member Kommissioun fir Wunnengsbau a Landesplanung
  • Member Defensekommissioun
  • Member Kommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten
  • Member Kommissioun fir d’Exekutioun vum Budget

Noriichten a Parlamentaresch Froen

Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Marc SPAUTZ
Kann d'Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten eis soen ob weiderhi speziell Schutzmesure géint de Kaméidi laanscht d’Liaisoun Micheville virgesi sinn?
Parlamentaresch Fro
Diane ADEHM
Felix EISCHEN
Est-ce qu’un rapport, analyse ou autre document écrit portant sur le fonctionnement du Film Fund a été réalisé sur demande d’un ministère ?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Wéi eng Konklusioune goufen aus dem Spezialrapport zum Film Fund gezunn?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Paul GALLES
Wei setzt sech de Waasserstoff fir déi Tankstell zu Beetebuerg zesummen a punkto gréngen a groen Waasserstoff?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Martine HANSEN
Däitschland huet decidéiert eng eenzeg Janssen-Impfung + Booster net méi als kompletten Impfschema unzegesinn. Wéi gedenkt d'Regierung deene concernéierte Leit zu engem kompletten Impfschema ze verhëllefe, fir datt si keng Nodeeler hunn ?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Marc SPAUTZ
Wéi gedenkt d'Regierung den Interim ze reforméieren ? Ass et méiglech e CDI vir Travail interimaire anzeféieren ?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Beamte vum „Service de Santé au Travail Multisectoriel“ hunn rezent vill Kontrollen a Coiffer- /Estheticienen-Salonen gemaach an sech dobäi als normal Clienten ausginn. Firwat gëtt op dës Method vu Kontrollen zréckgegraff? Wat war d’Resultat vun de Kontro
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Martine HANSEN
Huet d’Regierung den Horesca Secteur schonn informéiert wéi eng Mesure mussen en Place gesaat gi bei enger méiglecher Reouverture? Wa jo, wéi eng sinn dës ?
Parlamentaresch Fro
Nancy ARENDT
Felix EISCHEN
Marc SPAUTZ
Wéi konnt et zu de Retarde beim Contournement Dippech-Gare kommen a ginn et esou ähnlech Situatiounen ?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Wou ass de Projet vum "séieren Tram" tëscht der Haaptstad an Esch drun ?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Wéi eng Konsequenzen huet den Départ vum Commissaire du gouvernement à l'Energie an anere Mataarbechter aus dem Ministère ?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Audit iwwer den Fonds national de soutien à la production audiovisuelle (Film Fong)
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Sinn déi gro Kaarte vu Gefierer, déi virun 2002 ageschéckt goufen, zerstéiert ginn ouni dass se virdru gescannt goufen? Wéi kënnen esou Gefierer elo erëm ugemellt ginn?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Scandale des bovins malades abattus en Pologne: Le gouvernement peut-il m’informer si le Luxembourg a importé et commercialisé de la viande provenant de cet abattoir ?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Froen zum Service "Courrier" bei der Post !
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Soutien financier de l’État pour les structures d’accueil non-formelles (crèches) du secteur conventionné
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Froen zum Funktionnement vum Filmfong
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Kann den Här Minister confirméieren, datt den externen Audit iwwer den Filmfong schon ofgeschloss ass, oder éischt Konklusiounen virleien?
Parlamentaresch Fro
Felix EISCHEN
Ginn op der N12 tëschent Dondel a Bour Leitplanken opgericht?