CHAMBERAARBECHT
De Claude muss als Chamberpresident an éischte Bierger am Land eng neutral Haltung anhuelen. Hie stëmmt als Member vun der CSV-Fraktioun d’Gesetzer mat, bezitt selwer awer keng Positiounen am Plenum. Och am Ausland representéiert hien all Deputéierte vun all Faarf.
D’Chamber gesäit hien als eng Institutioun, déi sech permanent dem Wandel upasse muss. Méi séier a ganz transparent Decisiounen huelen, méi dynamesch an och interessant Debatten - dat verlaangen d’Bierger haut. Et gëtt eng Zäit fir ze diskutéieren an et gëtt eng Zäit fir ze decidéieren, betount de Claude, an dee ganze Prozess, muss an aller Transparenz geschéien. Dowéinst huet de Claude scho verschidde Reformen an d’Weeër geleet:
D’Riedenzäite goufe gekierzt .
Bal all Kommissiounssëtzung gëtt entretemps no baussen iwwerdroen.
D’Transparenzregëster krut méi kloer Reegelen, fir ze gesinn, wien Afloss op d’Deputéiert wëll huelen.
Vun 2026 u ginn d’Fraktiounsfinanze vun der Cour des comptes kontrolléiert.
D’wëssenschaftlech Cellule gouf verstäerkt, fir d’Aarbecht vun den Deputéierte mat Recherchen ze ënnerstëtzen.
Am Gilly-Haus entsteet e Visitors’ Center.
An der Diskussioun bleiwen nach nei Forme vun der Biergerbedeelegung, de Statut vum Deputéierten, gekoppelt mat der Diskussioun iwwert e Cumul vun de Mandater an eng Rei Aarbechten um Walgesetz, fir et un d’Realitéit vun haut unzepassen.