Charles WEILER
CHAREL WEILER DIKRECH, JURIST

De Charles Weiler, gebuer den 18. September 1986 an der Stad Lëtzebuerg kënnt vun Dikrech. Hien huet Droit studéiert a duerno als Affekot geschafft. 

Seng politesch Carrière huet hien op kommunalem Niveau ugefaangen, wéi hien 2017 fir d’éischt an de Gemengerot vun Dikrech gewielt gouf. Bei de Gemengewale vun 2023 gouf hien nees bestätegt a steet zënterhier als Buergermeeschter un der Spëtzt vun enger CSV–DP-Koalitioun.

Op nationalem Niveau huet de Charles Weiler 2013 an 2018 fir d’Chamber kandidéiert, ass awer eréischt bei de Chamberwale vun 2023 als Deputéierte vum Nordbezierk gewielt ginn. 

Hien ass President vun der Aarbechts- a vun der Sportskommissioun a schafft an e puer weidere Kommissioune mat, dorënner der fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Institutiounen a Justiz. Vum Februar bis Juli 2025 huet hien zousätzlech d‘Spezialkommissioun „Caritas“ presidéiert. 

De Charles Weiler ass bestuet a Papp vun engem Jong.

De Sozialdialog ass Deel vun eiser DNA. En ass d’Fundament vum soziale Fridden an dem Zesummenhalt an eiser Gesellschaft.
Charel Weiler

CHAMBERAARBECHT

Als President vun der Aarbechtskommissioun steet de Charel fir eng verantwortungsvoll a gerecht Aarbechtspolitik an huet och an zentralen Dossieren ewéi dem Mindestloun oder der Sonndesaarbecht kloer Positioun bezunn:

D’Upassung vum Mindestloun huet hien als Signal fir sozial Kohäsioun verstanen: Eng staark Gesellschaft weist sech dorunner, wéi se déi ënnerstëtzt, déi et am meeschte brauchen

Beim Thema Sonndesaarbecht huet hien net a Schwaarz-Wäiss geduecht, mee no engem verantwortleche Gläichgewiicht gesicht: tëscht wirtschaftlecher Realitéit an dem Recht op Rou, Familljeliewen a sozialem Zesummenhalt

Als President vun der Spezialkommissioun zur Caritas-Affär huet de Charel d’Aarbechten an d’Unhéierunge geleet, fir déi néideg Konklusiounen am Ofschlossrapport ze zéien

Hien huet och a verschiddenen wichtege Justizdossiere Stellung geholl:

D’Reform vum Adoptiounsrecht huet Dieren opgemaach: Och net bestuete Koppelen an Eenzelpersoune kënnen haut engem Kand e séchert Doheem ginn

D’Justiz gouf mat den néidege Mëttel an effikasse, modernen Instrumenter gestäerkt, fir schwéier Kriminalitéit konsequent ze bekämpfen

Als President vun der Sportskommissioun setzt de Charel sech fir staark Sportsveräiner an e liewege Benevolat an, well dëst Engagement d’Réckgrat vun eiser Sportswelt ass

Och an Zukunft wëll de Charel déi verschidden Dossiere mat Rou a Verantwortung begleeden an de Lëtzebuerger Modell weider stäerken.

FOTOGALERIE

KOMMISSIOUNEN

  • President vun der Aarbechtskommissioun
  • President vun der Sportskommissioun
  • President vun der Spezialkommissioun „Caritas“
  • Member an der Justizkommissioun
  • Member an der Kommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten
  • Member an der Institutiouns- a Reglementskommissioun

Noriichten a Parlamentaresch Froen

Entrevue mat der UEL iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun
Entrevue mam Front syndical OGBL-LCGB
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Charel WEILER
Ass d’Sécherheet am Tunnel Grouft duerch d’Dampentwécklung a Gefor a bleift den Zäitplang fir d’Reouverture bestoen?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Wéi gëtt den Accès vu Sportveräiner a Federatiounen zu de Sportsinfrastrukture vun de Lycéeën organiséiert, a wéi eng Schrëtt sinn envisagéiert, fir hir Notzung weider ze optimiséieren?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Wéi gëtt den Accès vu Sportveräiner a Federatiounen zu de Sportsinfrastrukture vun de Lycéeën organiséiert, a wéi eng Schrëtt sinn envisagéiert, fir hir Notzung weider ze optimiséieren?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Wéi grouss ass d’Belaaschtung duerch Mikroplastik a sougenannte „Quetschies“ fir Puppelcher a kleng Kanner?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Wéi gëtt am neie Cahier des charges vum RGTR-Busreseau de Respekt vum Kollektivvertrag garantéiert?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro: Plangt d'Regierung fir déi nächst Rentrée scolaire neit Léierpersonal fir Kanner mat spezielle Besoinen ze rekrutéieren?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Jeff BOONEN
Wéini ginn d’Tunnelle Grouft a Stafelter nees komplett fir de Verkéier opgemaach?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Jeff BOONEN
Äntwert op d'Fro, wéi de grousse Stroossesalzasaz eis Gewässer an d’Biodiversitéit beaflosst, a wéi eng Reduktiounsmoossname d’Regierung ëmsetzt
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Jeff BOONEN
Äntwert op d'Fro, ob eng dauerhaft Léisung fir d'Ventilatiounsproblemer an den Tunnelle Grouft a Stafelter op der A7 existéiert, fir de Verkéierschaos ze vermeiden
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro, wéi d’Regierung e räsonabelen Delai virum Verwaltungsgeriicht garantéiert, wann Dossieren eréischt 2028 fir Plädoyeren ugesat ginn?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro zur Walbedeelegung, den Enthalungsquoten a zu den Sanktiounen a Grënn fir d'Net-Participatioun bei Referenden
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Jeff BOONEN
Huet Lëtzebuerg genuch Kapazitéiten an der Neonatologie a wéi gëtt den Ausbau am CHL konkret ëmgesat?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro, fir wat keng Herzschrittmacher am Ettelbrécker Spidol gesat däerfe ginn, wat den INCCI gief entlaaschten
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Jeff BOONEN
Réponse à la question comment seront organisés le déploiement, l’encadrement des patients et l’évaluation des résultats dans le cadre du projet pilote PAP 2026 (prescription d’activité physique)
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Ricardo MARQUES
Äntwert op d'Fro, wéi eng Moossname d'Regierung géint d'Hotelstierwen gedenkt ze huelen
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro: "Wou ass de Projet vum neien Internat vun der Dikrecher Hotelschoul aktuell drun?"
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro, wéi d'Gemengen Ureizer kënne kréien, fir Asyldemandeuren opzehuelen
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro: "Wéi wäit ass d’Regierung mat der Schafung vun engem nationale Kader fir eng gemeinsam Notzung vun de Schoulsportinfrastrukturen?"
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro: Wou steet d'Geriichtsaffaire zur Reevaluatioun vun de Carrièren vun de Bréifdréieren?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert op d'Fro: "Si legislativ Ännerungen néideg, fir d'Situatioun vun den Ingénieur-Directeurs an de Gemengesyndikater ze klären?"
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Äntwert vun der Madamm Ministesch op d'Fro: "Wéini gëtt déi provisoresch Bréck zu Dikrech fäerdeg a wat geschitt mat der Ficellesbréck?"
Parlamentaresch Fro
Jean-Paul SCHAAF
Charel WEILER
Gëtt et alternativ Sitte fir de Rettungshelikopter am Norden, wann den Hangar zu Ettelbréck muss opgi ginn?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
De Mierscher Turnveräin hëlt op: Wéi wëll de Sportminister dem Manktem u Sportinfrastrukturen a Traineren entgéintwierken?
Parlamentaresch Fro
Maurice BAUER
Charel WEILER
Prozedur fir d’Léierpersonal an d'Direktioun am Fall vun engem Amoklaf ?
Parlamentaresch Fro
Jean-Paul SCHAAF
Charel WEILER
Flucht vun engem verurteelte Gewalttäter aus dem Centre hospitalier neuro-psychiatrique ?
Parlamentaresch Fro
Françoise KEMP
Charel WEILER
Wei vill In Vitro Behandlunge gouf et an de Joren 2021, 2022, 2023?
Parlamentaresch Fro
Marc SPAUTZ
Charel WEILER
Les commerces de détail sont soumis à des heures de fermeture obligatoires pendant lesquelles l’accès des clients aux magasins est interdit. En 2024, combien d’entreprises ont sollicité une dérogation de ces heures de fermeture obligatoires ?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Wéini gëtt den Expertegrupp, dee Gemenge-Fusioune begleede soll, agesat ?
Parlamentaresch Fro
Jeff BOONEN
Charel WEILER
Wéini soll de Bau vum Laboratoire vun der ASTA ufänken a wéini soll dëse fäerdeg ginn ?
Parlamentaresch Fro
Nathalie MORGENTHALER
Charel WEILER
Comment est calculé le pourcentage final des subsides accordées pour les projets de rénovation ou de réaménagement d’infrastructures existantes ?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Zu Lëtzebuerg gëtt de Skoda Tour de Luxembourg vun RTL diffuséiert. Wéi vill Tëleesspectateuren hunn d'Course dëst Joer verfollegt? Wéi huet sech dës Zuel an de leschten zéng Joer entwéckelt?
Parlamentaresch Fro
Diane ADEHM
Marc LIES
Charel WEILER
Nouvel accord salarial pour la fonction publique : Est-ce que le Gouvernement peut donner une estimation quant au délai prévu pour la mise en procédure des textes législatifs relatifs au secteur communal ?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Wéi eng Mesure gedenkt Här Sportminister z‘ënnerhuelen fir géint Fäll vu Rassismus am Sport virzegoen?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Wat geschitt mat den Administratiounen déi sech aktuell am Verwaltungsgebai zu Dikrech befannen, wann dëst Gebai ofgerappt an nei gemaach gëtt ?
Parlamentaresch Fro
Charel WEILER
Quand est-ce que le Gouvernement envisage augmenter le nombre de juges ainsi que de greffiers dans l’arrondissement judiciaire de Diekirch ?
Parlamentaresch Fro
Wéi gesäit déi generell Zäitschinn fir de gesamten Ëmbau vun der N7 aus?