CHAMBERAARBECHT
Den Alex war als Spriecher an der Verdeedegungspolitik fir verschidde Gesetzer zoustänneg:
816 Milliounen Euro ginn an den zweete Kommunikatiounssatellit GovSat-2 investéiert.
D’Aarbechtskonditiounen, de Recrutement, d’Remuneratioun vun de fräiwëllegen Zaldoten an awer och d’Indemniséierung fir Auslandsmissioune goufe verbessert.
Hien huet sech fir eng staark Industriestrategie an der Verdeedegung ausgeschwat.
Als Spriecher am Logement huet hien zu verschiddene wichtegen Dossiere Stellung geholl:
Fir Éischtkeefer gouf de Bëllegen Akt vun 30.000 op 40.000 Euro erhéicht an d’Ofsetzbarkeet vun de Scholdzënsen ugepasst.
Fir Locatairë gouf eng Wunnengsprimm fir jonk Beruffsufänger agefouert. D’Krittäre fir un eng ëffentlech finanzéiert Wunneng ze kommen, goufen iwwerschafft a Bailleur a Locataire deelen sech elo d’Frais d’agence.
Et gouf e VEFA-Programm vu 480 Milliounen Euro bis 2027 lancéiert mam Zil, ronn 800 Wunnengen opzekafen.
Aner wichteg Projeten an der Chamber waren a sinn:
D’Reform vum Accès an d’Magistratur, fir méi Riichtere kënnen ze rekrutéieren.
Am Ëmweltberäich ass hie Rapporteur fir d’Upassung vum Naturschutzgesetz, fir méi a méi séier an urbane Gebidder Wunnengen an Infrastrukturen kënnen ze bauen.
Den Alex wäert och Spriecher fir d’Reform vum Jugendstrofrecht ginn..