Soll de Staat privat Keefer vu blockéierte VEFA-Wunnengen am Kader vum VEFA-Opkafprogramm ënnerstëtzen?

Alex DONNERSBACH

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung follgend Froe weiderzeginn.

An de leschte Méint huet de Staat am Kader vu senger Wunnengspolitik eng Rei Wunnengen „en l'état futur d'achèvement“ (VEFA) vu Promoteuren opkaaft, fir Projeten ofzesécheren an den Undeel u bezuelbarem Wunnraum auszebauen. Dës Interventiounen hunn dozou bäigedroen, datt verschidde Projeten trotz wirtschaftleche Schwieregkeete konnte virugefouert ginn.

Et ginn awer och privat Persounen, déi eng VEFA-Wunneng kaaft hunn an déi mat engem laangfristege Baustopp oder mat finanzielle Schwieregkeete vum Promoteur konfrontéiert sinn. Vill vun dëse Stéit hu schonn héich Zommen investéiert, mussen awer weiderhin d'Käschte vun engem Logement-Kredit an dacks och nach d'Loyerskäschten droen. Besonnesch fir jonk Familljen an Éischtkeefer kann dës Situatioun séier zu enger grousser finanzieller Belaaschtung féieren.

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Minister follgend Froe stellen:

  • Huet d'Regierung analyséiert, ob et méiglech wier am Kader vum VEFA-Opkafprogramm, a gewësse Situatioune privat Keefer vu blockéierte VEFA-Wunnengen ze ënnerstëtzen, beispillsweis duerch eng Iwwernam oder de Kaf vun de betraffene Wunnengen?
    • Falls jo, zu wéi enge Conclusiounen ass si komm?
    • Falls nee, aus wat fir Ursaache gouf esou eng Méiglechkeet net zréckbehalen? 
  • Ass d'Regierung der Meenung, datt déi aktuell gesetzlech Garantien de private Keefer am Fall vun engem laangfristege Baustopp oder vun enger Defaillance vum Promoteur genuch Schutz bidden?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Alex Donnersbach
Deputéierten