Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Duerch den Accord salarial tëscht der CGFP an der Regierung vum 29. Januar 2025 kënnen d’Employéen an der Fonction publique sech an Zukunft schonn no zéng amplaz no fofzéng Déngschtjore beim Staat fonctionnariséiere loossen. Dës Méiglechkeet betrëfft och d’Chargéen am Enseignement secondaire an an der Formation des adultes a soll mat der nächster Rentrée a Kraaft trieden.
Geméiss dem Artikel 80 vum Statut général muss en Employé, nieft der mëndlecher a schrëftlecher Maîtrise vun den dräi administrative Sproochen — Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch — och den Examen de stage fir de jeeweilege Groupe de traitement bestoen, fir fonctionnariséiert ze kënne ginn. Zanter der Stage-Reform vun 2019 besteet dësen Examen aus zwou zertifikativen Epreuven: engem Legislatiounsexamen an enger praktescher Epreuve. Déi praktesch Epreuve ëmfaasst ënner anerem d’Virbereedung vun enger Sequenz vu mindestens véier Schoulstonnen, eng vum Jury observéiert Schoulstonn an en Entretien iwwert d’Entwécklung vum Stagiaire.
An deem Kontext ass et wichteg, datt d’Modalitéiten, den Inhalt an d’Bewäertungskrittäre vum Examen de fin de stage am Kader vun der Fonctionnariséierung kloer definéiert sinn an net vun deene fir d’Fonctionnaires-stagiaires ofwäichen. Dat betrëfft besonnesch d’Fro, ob Chargéen, déi schonn e Certificat de formation pédagogique mat Erfolleg ofgeschloss hunn, eng Dispens vun deenen entspriechende zertificativen Epreuvë kréien, an ob Chargéen ouni esou e Certificat den Examen de fin de stage integral musse maachen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Kann den Här Minister confirméieren, dass de Contenu, d’Modalitéiten an d’Bewäertungskrittäre bei deenen zertifikativen Epreuven am Kader vun der Fonctionnarisatiounsprozedur effektiv identesch si mat deene fir d’Fonctionnaires-stagiaires am Enseignement secondaire respektiv an der Formation des adultes ? Falls net, woura bestinn d’Ënnerscheeder ? Falls net, wourop baséiert de Minister d’Legitimatioun, fir vun de gesetzlechen Dispositiounen aus dem Statut général ofzewäichen ?
Kréien déi Employéen, déi de Certificat de formation pédagogique virweise kënnen – an domat och all déi zertifikativ Epreuven, déi zum Examen de fin de stage gehéieren, gepackt hunn – eng Dispens vun allen zertifikativen Elementer am Kader vun hirem Fonctionnarisatiounsprozess, oder mussen si déiselwecht Epreuven nach eng Kéier widderhuelen ? Falls net, firwat ginn Employéë mat Certificat de formation pédagogique gläichgestallt mat Employéen ouni Certificat pédagogique?
Wéi géif den Här Minister, am Fall wou d’Employéen am Kader vun hirer Fonctionnarisatiounsprozedur déi selwecht Epreuven nach eng Kéier widderhuele missten, begrënnen, firwat Employéen, déi den Examen-concours packen, hire bestanene Certificat de formation pédagogique integral am Examen de fin de stage ugerechent kréien an deemno vu sämtlechen zertifikativen Epreuve dispenséiert sinn ?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.