Wéi ass den eCampus/eBac rechtlech an organisatoresch am Lëtzebuerger Schoulsystem verankert?

Diane ADEHM

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden. 

Den eBac gouf 2005 als Form vun E-Learning am Lëtzebuerger Schoulsystem agefouert. Zënter dem Schouljoer 2018/2019 gëtt déi méi breet gefächert Offer ënnert dem Numm eCampus gefouert. Laut den offiziellen Informatioune vum Ministère gëtt den eCampus am Kader vun der 2e voie de qualification gefouert a gëtt domat der Formation des adultes zougerechent. Gläichzäiteg riicht sech d’Offer laut der eCampus-Plattform net nëmmen un Erwuessener, mee ënner anerem och u Sportler, Museker an Décrocheuren.

Aus dem Aktivitéitsrapport 2023 vum Educatiounsministère geet ervir, datt den eCampus fir d’Rentrée 2023/2024 un de Bouneweger Lycée, rattachéiert gouf. Op der Internetsäit vum Bouneweger Lycée gëtt den eCampus mëttlerweil als eng vum Lycée ugebuede E-Learning-Plattform presentéiert. Och verschidden administrativ Prozedure vum eCampus lafen iwwer d'Sekretariat respektiv de SePAS vum Bouneweger Lycée.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister un stellen:

  • Wat ass de rechtlechen Statut vum eCampus/eBac? Op wéi enger gesetzlecher oder reglementarescher Basis gëtt dës Offer organiséiert?

  • Aus wéi enge Grënn ass den eCampus/eBac bei der Formation des adultes respektiv der 2e voie de qualification ugesidelt, obwuel sech d’Offer och u méi jonk Schüler, Sportler, Museker oder Décrocheure riichte kann?

  • Wat bedeit konkret de Rattachement respektiv d’Zesummenaarbecht mam Bouneweger Lycée? Wéi sinn d’Kompetenzen tëscht dem Lycée, dem Service de la formation des adultes an dem Ministère opgedeelt, notamment wat déi pädagogesch Direktioun, d’Aschreiwungen, d’Personal an d’Examen ugeet?

  • Wéi vill Persoune waren an de leschte fënnef Schouljoren um eCampus/eBac ageschriwwen? Kann den Här Minister dës Zuelen no Schouljoer opschlësselen an dobäi och d’Zuel vun den Ofbréch an den erfollegräichen Ofschlëss uginn?

Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm
Deputéiert