Wéi gëtt den Accès vu Sportveräiner a Federatiounen zu de Sportsinfrastrukture vun de Lycéeën organiséiert, a wéi eng Schrëtt sinn envisagéiert, fir hir Notzung weider ze optimiséieren?

Charel WEILER

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Optimiséierung vun de Sportsinfrastrukturen un d’Madamm Ministesch fir Sport an den Här Educatiounsminister weider ze leeden.

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3103 vum 27. November 2025 huet d’Regierung erkläert, datt d'Sportinfrastrukture vun de Lycéeën tëscht 80 % an 99 % ausgelaascht wieren an datt d’Koordinatioun tëscht Schoulen, Gemengen a Veräiner gréisstendeels op lokalem Niveau géif fonctionéieren. Gläichzäiteg gouf awer och betount, datt eng besser Optimiséierung vun de Sportsinfrastrukturen ugestrieft géif ginn, notamment fir Federatiounen a Veräiner wärend de fräien Nomëtteger, Weekender a Schoulvakanzen en erweiderten Accès ze erméiglechen. 

Zënterhier hu verschidde Sportfederatiounen a lokal Veräiner awer weiderhi Schwieregkeeten ugemellt, fir reegelméisseg Zougang zu passende Sportsinfrastrukturen ze kréien, besonnesch ausserhalb vun de klassesche Schoulzäiten. Dobäi stellt sech och d’Fro, ob déi aktuell lokal Koordinatioun genuch ass, fir eng transparent an effikass Gestioun vun dësen ëffentlechen Infrastrukturen ze garantéieren.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d‘Ministere stellen:

1.      Wéi wäit ass d’Ëmsetzung vun der ugekënnegter Optimiséierung vun der Notzung vun de Sportsinfrastrukture vun de Lycéeë fortgeschratt zënter der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3103? 

2.      Wéi vill Demandë vu Veräiner oder Federatioune fir d’Notzung vu Sportsinfrastrukture vu Lycéeë goufen zanter November 2025 accordéiert respektiv refuséiert? Kann d’Regierung dës Donnéeën no Regioun oder no Typ vun Infrastruktur oplëschten? 

3.      No wéi enge konkrete Critèrë gëtt decidéiert, wéi eng Veräiner oder Federatiounen dës Infrastrukture kënne notzen? Besteet dobäi eng Prioriséierung no sportlecher Disziplin, Niveau vum Veräin oder regionalem Besoin? 

4.      Wéi gëtt d’Koordinatioun tëscht de Schouldirektiounen, de Gemengen an de concernéierte Sportfederatiounen organiséiert, a gesäit d’Regierung hei nach Verbesserungspotential? 

5.      Gesäit d’Regierung vir, an Zukunft eng national Plattform oder harmoniséiert Reegele fir d’Reservatioun an d’Gestioun vun dësen Infrastrukturen anzeféieren, fir den Accès fir d’Veräiner an d’Federatiounen ze vereinfachen an eng méi grouss Transparenz ze garantéieren? 

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Charles Weiler
Deputéierten