Wéi gëtt déi nei Prestatioun „Compléments pour personnes âgées“ konkret ëmgesat?

Nathalie MORGENTHALER

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.

D’lescht Joer am Juli gouf de Gesetzesprojet 8114 an der Chamber gestëmmt, deen zanter dem 2. Januar 2026 a Kraaft ass. Dobäi geet et ëm eng zousätzlech Prestatioun, déi sougenannte „Compléments pour personnes âgées“. Zil vun dëser Moossnam ass et, Leit ze ënnerstëtzen, déi net iwwer déi néideg finanziell Mëttele verfügen, fir sech essenziell Produiten a Servicer ze leeschten oder Zougrëff dorop ze hunn. Dozou gehéieren zum Beispill d’Käschte fir d’Zëmmer, d’Wäsche vun de Kleeder, d’Bereetstellung vun enger Tëlee, engem Telefon oder engem Internetuschloss, souwéi den Zougang zu Hygiènesproduiten.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil stellen:

 

  1. Wéi vill betraffe Persounen hunn zanter dem 2. Januar 2026 eng Ufro fir dës nei Moossnam gestallt? Bei wéi vill vun dësen Ufroe gouf d'Hëllef effektiv schonn ausbezuelt?
  2. Goufen déi betraffe Strukturen (z. B. Alters- a Fleegeheemer) vum Ministère iwwer dës nei Moossnam informéiert? Goufen d'Leit selwer vun de Strukturen oder vum Ministère doriwwer opgekläert? Falls dëst nach net geschitt ass, ass esou eng Informatiounscampagne geplangt?
  3. Ass den Här Minister gewëllt, no engem Joer eng detailléiert Evaluatioun vun dëser neier Mesure virzehuelen?

 

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nathalie Morgenthaler

Deputéiert