Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.
Nodeems déi sou genannte Ficellesbréck zu Dikrech, déi den Zentrum mat dem Quartier Sauerwiss souwéi de Lycéeën a Sportsinfrastrukture verbënnt, huet missen aus Sécherheetsgrënn am Abrëll 2024 zougemaach ginn, ass d’Mobilitéit vun den Awunner vun Dikrech an de Schüler aus de Lycéeë staark beanträchtegt.
Dëst zumools, well d’Pontonsbréck, déi als Ersatz ugeduecht war an am Mee 2024 a Betrib geholl gouf, den Ufuerderungen net gerecht gëtt an ëmmer nees duerch Héichwaasser beschiedegt gëtt.
Dofir gouf säitens der Stroossebauverwaltung eng méi resistent provisoresch Bréck der Stad Dikrech an Aussiicht gestallt, an dëst schonn am September 2024.
Nodeems ursprénglech virgesi war, dass d’Aarbechten u genannter Bréck bis Juli 2025 sollte fäerdeggestallt ginn, ass dësen Delai duerno bis Enn September verlängert ginn.
Laut engem Presseartikel vum 21. September 2025 sollen d’Aarbechten elo opmannst bis de November undaueren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:
- Kann d’Madamm Ministesch präziséieren, wat d’Ursaache vun de Verspéidunge fir d’Fäerdegstellung vun der provisorescher Bréck sinn?
- Kann d’Madamm Ministesch matdeelen, wéini d’Aarbechten un der provisorescher Bréck definitiv ofgeschloss wäerte sinn?
- Kann d’Madamm Ministesch soen, wéini d’Sanéierungsaarbechten un der Ficellesbréck ufänken a wéi laang dës ongeféier dauere wäerten?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Charles Weiler
Député