Wéi schätzt d’Regierung d’Auswierkunge vum Urteel vum Beruffungsgeriicht zu Washington op déi aktuell Handelsbezéiungen tëschent der EU an den USA an?

Marc SPAUTZ

D’Äntwer op dës parlamentaresch Fro fann Dir hei:

QP_60266_1758272641408

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel weiderzeleeden.

E Beruffungsgeriicht zu Washington huet kierzlech en Deel vun de Stroftaxen, déi den US-President verhangen huet, als rechtswiddreg erkläert. D’Riichter hu mat siwe géint véier Stëmmen d’Onrechtméissegkeet bestätegt, déi schonn an éischter Instanz festgestallt gi war.

Den amerikanesche President hat sech op en Noutstandsgesetz, den International Emergency Economic Powers Act (IEEPA), beruff, fir seng Stroftaxen ëmzesetzen. D’Beruffungsgeriicht huet awer erkläert, datt dëst Gesetz dem US-President zwar „wäitreechend Befugnisser“ gëtt, fir op en „deklaréierten nationalen Noutstand“ ze reagéieren, hien awer mat dem Asaz vu Stroftaxen seng Befugnisser iwwerschratt hätt.

Betraff si virun allem Stroftaxen, déi Ufank Abrëll 2025 géint verschidde Länner geholl goufen. Branchëspezifesch Stroftaxen, déi op enger anerer rechtlecher Grondlag erlooss goufen – wéi z. B. Taxen op Aluminium-, Stol- oder Autoimporter – sinn net Deel vum Urteel.

Dëst Urteel kéint och Auswierkungen op Handelsaccorde hunn, déi den amerikanesche President an der Tëschenzäit am Zollsträit mat verschiddene Handelspartner, dorënner och d’EU, ofgeschloss huet, déi awer nach net a Kraaft getruede sinn.

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Minister fir Auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel stellen:

Wéi schätzt d’Regierung d’Auswierkunge vum Urteel vum Beruffungsgeriicht zu Washington op déi aktuell Handelsbezéiungen tëschent der EU an den USA an ?

Wéi eng Konsequenzen huet d’Urteel fir d’Handelsaccorden déi den US-President an der Tëschenzäit ofgeschloss huet an déi schonns a Kraaft si respektive déi déi nach net a Kraaft getruede sinn ?

Huet d’Regierung an dësem Kontext scho Kontakt mat der EU-Kommissioun opgeholl, fir iwwer méiglech Konsequenze vun dësem Urteel ze diskutéieren?

Ass ze erwaarden, datt den Handelsaccord deen den US-President mat der EU ofgeschloss huet, duerch dëst Urteel wäert iwwerpréift oder nei verhandelt ginn, fir Rechtssécherheet ze garantéieren?

Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz
Deputéierten