Wéi geséit et mam Neibau vum CNFPC zu Ettelbréck aus?

Jean-Paul SCHAAF

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Den CNFPC zu Ettelbréck ass als nationalen Acteur an der berufflecher Aus- a Weiderbildung vu strategescher Bedeitung fir eis Ekonomie an den Nowuess u qualifizéierte Fachleit. De bestoende Site stéisst säit Joren op Kapazitéits- an infrastrukturell Limitten (Atelieren, Logistik, Accessibilitéit) wat de Schoul- a Formatiounsbetrib spierbar aschränkt. Am Kader vun der ugekënnegter Moderniséierung soll de Bestand ofgerappt an duerch e funktionellen, nohaltegen an zukunftsfäegen Neibau ersat ginn, dee moderne pädagogesche Besoinen (digital Equipement, Sécherheetsnormen, Inklusioun) entsprécht.

Fir déi concernéiert Schüler, d’Léierpersonal, d’Formatiounspartner aus Betriber an d’Gemeng Planungssécherheet ze schafen, brauch et kloer a komplett Informatioune wou a wéi de Projet realiséiert gëtt, wéi eng Kapazitéiten an Inhalter virgesi sinn, wéi de Betrib wärend der Bauphas organiséiert gëtt an a wéi enge Schrëtt den Zäitplang virgesinn ass.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Wéi wäit ass de Projet aktuell ? Kënnen d‘Ministeren d’Etappe präziséieren?
  • Ass virgesinn den Neibau um aktuelle Site zu Ettelbréck ze realiséieren?
  • Wéi gesäit d’Kapazitéitsentwécklung am Neibau aus (z. B. Zuel vu Plazen/Schüler, Atelieren a Fachsäll, Gesamtfläch) am Verglach zum haut ze klenge Gebai?
  • Wéi a wou gëtt de Schoul- a Formatiounsbetrib an der Bauphas ënnerbruecht? Sinn temporär Auslagerunge virgesinn?
  • Wéi gesäit den Zäitplang am Detail aus?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf
Députéierten