CSJ - Chrëschtlech-Sozial Jugend (3. Mäerz zu Walfer)
2018 gëtt e Joer vu grousse Chancen, huet d'CSJ-Nationalpräsidentin Elisabeth Margue um Kongress ënnerstrach. D'Wahljoer géif grad der Jugend d'Méiglechkeet ginn hir Iddien an der Partei anzebréngen an e Wahlprogramm mat klore Zukunftsvisioune fir Lëtzebuerg matopzestellen. "Mir wëllen e Programm, mat dem mir eis identifizéiere kënnen an deen op eise chrëschtlech-soziale Wäerter baséiert", esou d'Elisabeth Margue. Dofir wëll een sech an den nächste Méint zesummen asetzen. D'Parteijugend geet d'Erausfuerderungen op alle Fall mat Zouversiicht un, och wann déi aktuell Regierung a Beräicher wéi dem Wunnengsbau géing versoen oder léiwer viru wichtege Froen, ewéi der laangfristeger Ofsécherung vun de Sozialsystemer, d'An verschléisst.
Déi gutt 70 Jonker hunn um Kongress dann och iwwert hir Proposen a punkto Digitaliséierung, Wunnengsbau, Chancëgläichheet, Wirtschaft a Pensiounssystem debattéiert. Lëtzebuerg hätt all Chancë Virreider beim technologesche Fortschrëtt a zum Virbild vun enger nohalteger a sozialgerechter Gesellschaft ze ginn, esou de klore Message vum Kongress. Virraussetzung wär awer eng couragéis an zukunftsorientéiert Politik. Et bräicht eng Politik, déi dem CSJ-Motto "Oppe, sozial a responsabel" och gerecht géif ginn. Et bräicht de politesche Wiessel.
Video CSJ-Kongress
Fotosgalerie CSJ-Kongress
Weider Informatiounen an all d'Positiounen a Resolutiounen vum CSJ-Nationalkongress fannt Dir hei (CSJ-Internetsite).
CSF - Chrëschtlech-Sozial Fraen (28. Februar zu Nidderaanwen)
Brauch eng Partei haut ëmmer nach eng spezifesch Fraenorganisatioun? Déi Fro géif reegelméisseg opkommen, esou d'Karin Meyer, CSF-Presidentin. D'Äntwert wär ganz kloer: Jo! Och wann d'Gläichberechtegung an de Gesetzer an an der Verfassung verankert wären, wär se awer a verschiddene Beräicher vun der Gesellschaft ëmmer nach keng Realitéit. Et wär encourageant, datt méi jonk Fraen ewéi fréier sech géife parteipolitesch engagéieren. Och goufen dat lescht Joer eng Rei Frae bei de Gemengewahle gewielt. Gemengen ewéi Buerschent, Conter, Fiels, Leideleng oder Sandweiler hätten haut eng CSV-Buergermeeschtesch. An awer géif nach vill Aarbecht ustoe fir méi Frae fir Politik ze begeeschteren. Als CSF wär een houfreg drop, datt d'CSV sech fest virgeholl huet d'Zil vu 40 Prozent Kandidatinnen op de Lëschte fir d'Chamberwahlen ze erreechen.
Um CSF-Kongress ass d'Martine Hansen, Deputéiert an Educatiounsspriecherin vun der CSV, op d'Reformproposë vun der Partei an der Educatiounspolitik agaangen. Während d'Regierung hei net eng, mä eng ganz Rei riseg Baustellen hannerléisst, wëll eng CSV keen Aktionismus méi, mä e schlëssege System, deen op d'Zesummenaarbecht an den Dialog vun allen Akteuren (Politik, Léierpersonal, Elteren an de Kanner) opbaut.