Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Den ëffentlechen Transport spillt eng zentral Roll fir d’Mobilitéit vun de Bierger an ass besonnesch am ländleche Raum vu grousser Bedeitung. Gläichzäiteg ass et evident, datt d’Organisatioun vun engem attraktiven an effizienten ëffentlechen Transport an dëse Regiounen, ënner anerem wéinst de méi groussen Distanzen an der méi gerénger Bevëlkerungsdicht, eng besonnesch Erausfuerderung duerstellt.
Fir datt den ëffentlechen Transport vun de Bierger als reell Alternativ zum individuellen Auto genotzt gëtt, muss d’Offer attraktiv, zouverlässeg an un déi alldeeglech Besoine vun den Awunner ugepasst sinn. Nieft de Verbindungen a Richtung vun de groussen urbanen Zentren ass et dobäi grad am ländleche Raum wichteg, datt den ëffentlechen Transport och Deplacementer tëscht den eenzelen Uertschafte respektiv innerhalb vun enger Gemeng erméiglecht.
An dësem Kontext stellt sech eng konkret Problematik fir d’Awunner vun Holtz, Pärel a Wolwen an der Gemeng Rammerech. Dës Uertschafte verfügen aktuell iwwer keng direkt regulär Busverbindung op Rammerech respektiv op Ettelbréck. Fir op dës Destinatiounen ze kommen, mussen d’Awunner deelweis iwwer Réiden fueren an do ëmklammen. Dat verlängert net nëmmen d’Faartzäit, mee bréngt och de Risiko mat sech, bei enger Verspéidung den Uschlossbus ze verpassen. Eng direkt Verbindung op d‘Haaptduerf wier ëmsou méi relevant, well sech zu Rammerech nieft der Gemengeverwaltung och verschidden Déngschtleeschtungen, Geschäfter a medezinesch Offere befannen. Gläichzäiteg bitt d’Busgare zu Rammerech den Awunner weider Verbindungen an aner Regioune vum Land.
Eng méiglech Verbesserung vun dëser Situatioun kéint duerch eng Verlängerung vun der RGTR-Linn 935 erreecht ginn. Dës Linn verbënnt aktuell Rammerech iwwer Mäerzeg mat Ettelbréck. Eng Verlängerung vun der Linn vun Holtz iwwer Pärel, Wolwen a Rammerech bis op Ettelbréck kéint den Awunner vun dësen Uertschaften eng direkt Verbindung souwuel op de Gemengenhaaptuert wéi och op Ettelbréck erméiglechen an domat d’Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport däitlech verbesseren.
Sou eng Verbindung kéint gläichzäiteg d’intern Mobilitéit an der Gemeng stäerken. Dëst gëllt besonnesch fir Kanner a Jugendlecher, déi op d’Sportinfrastrukturen zu Kietscht wëlle kommen. Eng Verbindung iwwer Kietscht kéint hinnen eng Alternativ dozou bidden, dës Strecken zum Beispill mam E-Scooter zeréckzeleeën. Besonnesch op grousse Stroossen kënnen esou Deplacementer mat Sécherheetsrisike verbonne sinn. Mam Ausbau vun de Sportinfrastrukturen zu Kietscht kéint dëse Mobilitéitsbesoin an Zukunft nach weider zouhuelen.
Eng kommunal Buslinn stellt fir eng groussflächeg ländlech Gemeng mat enger relativ gerénger Bevëlkerungsdicht eng bedeitend finanziell an organisatoresch Belaaschtung duer. Eng Upassung vum bestoende RGTR-Reseau kéint dofir eng Méiglechkeet duerstellen, fir d’Mobilitéitsoffer fir d’Awunner ze verbesseren.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
Ass der Madamm Ministesch déi uewe beschriwwe Problematik vun der Ubannung vun den Uertschaften Holtz, Pärel a Wolwen u Rammerech respektiv un Ettelbréck bekannt?
- Wéi gëtt déi aktuell Offer vum ëffentlechen Transport fir dës Uertschaften, besonnesch am Hibléck op d’Faartzäiten, d’Noutwendegkeet vum Ëmklammen an d’Verbindungen innerhalb vun der Gemeng bewäert?
- Ass d’Madamm Ministesch bereet ze préiwen, ob d’RGTR-Linn 935 iwwer Wolwen a Pärel bis op Holtz verlängert ka ginn, fir esou eng direkt Verbindung vun dësen Uertschaften op Rammerech an Ettelbréck ze schafen?
- Gouf eng méiglech Verlängerung vun der Linn 935 an der Vergaangenheet schonn analyséiert? Wa jo, zu wéi engem Resultat ass dës Analys komm? Wann net, ass den Här Minister bereet, esou eng Analys duerchzeféieren?
- Wéi eng Critèrë ginn am Allgemenge vum Ministère respektiv vun der Administration des transports publics applizéiert, wann iwwer d’Verlängerung oder d’Upassung vun enger RGTR-Linn am ländleche Raum decidéiert gëtt? A wéi wäit ginn dobäi och d’Verbindungen innerhalb vun enger Gemeng an den Accès zu kommunalen Infrastrukture berücksichtegt?
- Falls eng Verlängerung vun der Linn 935 net a Betruecht gezu gëtt, wéi eng aner Méiglechkeete gesäit d’Madamm Ministesch, fir d’Ubannung vun Holtz, Pärel a Wolwen u Rammerech an un Ettelbréck ze verbesseren?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.