Wéi eng Konsequenzen huet d'Decisioun vu Lactalis, keng Lëtzebuerger Mëllech méi zu Eeschweiler ze verschaffen, fir d'Lëtzebuerger Mëllechproduzenten an de Mëllechsecteur?

Jeff BOONEN

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeleeden.

Wéi de franséische Grupp Lactalis, dem d’Molkerei EKABE zanter 1989 gehéiert, en Donneschdeg den Owend an engem Schreiwes matgedeelt huet, soll vum 1. Abrëll 2027 un keng Lëtzebuerger Mëllech méi um Site zu Eeschweiler verschafft ginn. Allerdéngs ass net geplangt, de Site zouzemaachen. D'Mëllech soll aus dem Ausland importéiert ginn. Lactalis wëll dowéinst d’Kontrakter mat den 68 Mëllechbauere kënnegen, déi bis elo hier Mëllech bei der EKABE ofgeliwwert hunn. An deem Kontext wëll ech follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen:

  • Wéi laang weess d’Madamm Ministesch Bescheed, datt Lactalis wëll d’Kontrakter mat de Lëtzebuerger Mëllechbauere kënnegen?

  • Krut si Grënn fir déi iwwerraschend Decisioun genannt?

  • Wéi vill Kilo Mëllech sinn hei zu Lëtzebuerg betraff a wat ass den Undeel vun der EKABE un der gesamter Mëllechproduktioun?

  • Wéi vill Kilo Mëllech ginn um Site Eeschweiler verschafft?

  • Vu wou soll d’Mëllech an Zukunft hirkommen, wa Lactalis d’Kontrakter mat de Lëtzebuerger Bauere kënnegt?

  • Wat soll an Zukunft um Site produzéiert ginn? 

  • Wat geschitt mat de Marke vun der EKABE? 

  • Ginn et kuerzfristeg Léisunge fir déi betraffe Betriber, respektiv, ass et méiglech, fir eng aner Molkerei fir si ze fannen?

  • Huet d’Ministesch eng Entrevue mat de betraffene Produzente geplangt?

  • Hun d’Molkereien déi um Lëtzebuerger Maart aktiv sin, nach fräi Kapazitéiten?

  • Wéi ass déi aktuell Situatioun um Mëllechmaart?

  • Sinn nach aner grouss privat international Acteuren um Lëtzebuerger Mëllechmarché, déi änlech kéinten handelen? Wéi ofhängeg ass de Lëtzebuerger Marché vu privaten Acteuren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen
Députéierten