Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Am Kader vun der Weiderentwécklung vun der Sproochenoffer an den internationale Schoule soll d’Lëtzebuergescht vum Schouljoer 2027/2028 un als „Other National Language – Luxembourgish“ (ONL-Lux) ugebuede respektiv weider ausgebaut ginn. Domat soll d’Lëtzebuergescht och an den internationale Bildungsweeër eng méi fest a strukturéiert Plaz kréien an de Schüler d’Méiglechkeet gebuede ginn, hir Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch systematesch opzebauen an iwwer hir Schoulcarrière weiderzeentwéckelen.
Dës Entwécklung ass am Kontext vun der wuessender Bedeitung vun den internationale Schoulofferen zu Lëtzebuerg besonnesch relevant. Eng ëmmer méi grouss Zuel vu Schüler gëtt an dëse Filièren enseignéiert, soudatt sech och d’Fro stellt, wéi d’Lëtzebuergescht an dëse Bildungsweeër dauerhaft an op engem héije qualitativen Niveau kann ugebuede ginn. Dobäi geet et net nëmmen ëm d’Ausschaffe vu Léierprogrammer an déi konkret Organisatioun vun de Coursen, mee och ëm d’Disponibilitéit vu genuch qualifizéiertem Léierpersonal.
Mat der Ëmsetzung vun ONL-Lux vum Schouljoer 2027/202 (obligatoresch vum S1 bis S3) un dierft de Besoin u Lëtzebuergeschcoursen an domat och u qualifizéierten Enseignanten an den internationale Lycéeë klammen. Et ass dofir wichteg ofzeschätzen, wéi vill Schüler dës Offer ab dem S4 als Optioun wäerte beleeën, wéi vill zousätzlech Coursen a Gruppe mussen ageriicht ginn a wéi vill Enseignanten dofir gebraucht ginn. Dobäi stellt sech och d’Fro, ob déi aktuell personell Ressourcen duerginn oder ob zousätzlech Poste geschaf an nei Enseignantë rekrutéiert respektiv ausgebilt musse ginn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:
Wéi vill Schüler vun S4 bis S7 wäerte vun 2027/2028 un an den internationale Lycéeë Lëtzebuergesch Other National Language als Optioun hunn? Gëtt et do schonn éischt Estimatiounen?
Wéi vill Lëtzebuergeschcoursen a Klassen entstinn duerch d’Aféiere vu Lëtzebuergesch als ONL zousätzlech, och op de Klassen S1 bis S3?
Wéi vill Enseignantë ginn dofir gebraucht, am Ganzen an opgeschlësselt no Lycée? Wéi vill zousätzlech Enseignantposte musse geschaf ginn?
Wéi vill Lëtzebuergeschenseignantë sinn aktuell am nationale Schoulsystem an an den internationale Lycéeën agesat? Wéi vill dovun si vollzäit, Deelzäit oder mat enger anerer Fächerkombinatioun?
Gëtt et aktuell schonn e Manktem u qualifizéierte Lëtzebuergeschenseignanten, a wéi gëtt dëse Manktem bis 2027/2028 opgefaangen? Wéi ass d’Situatioun aktuell bei de qualifizéierte Lëtzebuergeschenseignanten, a wéi soll de Besoin u Léierpersonal – Primary wéi Secondary – bis d’Schouljoer 2027/2028 gedeckt ginn?
Huet de Ministère eng Projektioun fir déi nächst 5 bis 10 Schouljoren, well d’Zuel vun de Schüler an den internationale Filièrë weider klamme kéint? Wéi eng Entwécklungen erwaart de Ministère bei der Schülerzuel an den internationale Filièren an de nächste 5 bis 10 Schouljoren, a wéi eng Konsequenzen huet dat fir d’Schoulplanung?
Sinn déi entspriechend Léierprogrammer scho prett? Wann nee, wéini sollen dës virleien?
Wëssend, dass d'Aféierung vu Lëtzebuergesch als Other National Language och en Impakt op de Primary wäert hunn, wéi schätzt de Ministère déi aktuell an an Zukunft Besetzung vun den Enseignanten do an? Wéi vill Enseignantë wäerte musse rekrutéiert ginn a mat wéi enge Profiller a Qualifikatiounen?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.