Stéphanie Weydert
STÉPHANIE WEYDERT MOMPECH, AFFEKOTIN

D’Stéphanie Weydert, gebuer den 30. Abrëll 1984 zu Lëtzebuerg, ass stellvertriedend Fraktiounscheffin souwéi Buergermeeschtesch vun der Gemeng Rouspert-Mompech. Dernieft steet si als Presidentin un der Spëtzt vun der Interieurskommissioun.

No hirem Droit-Studium zu Aix-en-Provence, zu Paräis (Panthéon-Assas) souwéi um King’s College zu London huet si vill Joren als Affekotin bei Arendt & Medernach, der gréisster Affekotenetude zu Lëtzebuerg, geschafft.

Politesch ass d'Stéphanie Weydert 2005 der CSV bäigetrueden. Schonn 2014 gouf si an de Gemengerot vun der Gemeng Mompech gewielt, 2018 gouf si Schäffin vun der Gemeng Rouspert-Mompech an 2022 Buergermeeschtesch. Vun 2021 bis 2024 war si Generalsekretärin vun der CSV an ass zënterhier Vize-Presidentin vun der CSV. 2023 ass si fir d’éischt an d’Chamber gewielt ginn.

Hir thematesch Schwéierpunkte leien an de Beräicher Innepolitik, Ekonomie, Aarbecht, Wäibau a Landwirtschaft, Konsumenteschutz, Justiz souwéi der Budgetskontroll.

Mir mussen dat richtegt Gläichgewiicht tëscht wirtschaftleche Besoinen a sozialem Schutz fannen.
Stéphanie Weydert

CHAMBERAARBECHT

D’Stéphanie war Rapportrice fir eng Rei Gesetzer aus dem Inneministère an am Konsumenteschutz:

Mat der Reform vum Gesetz iwwer déi kommunal Raumplanung an d’urbanistesch Entwécklung mussen an neie Wunnquartiere méi abordabel Wunnenge geschafe ginn, déi dann an d’ëffentlech Hand ginn.

400 Agente bei der Police kruten hire Premièresdiplom réckwierkend op August 2018 unerkannt a goufen an de Grupp B1 reklasséiert.

D’Reform vun der Videosurveillance zu polizeilechen Zwecker (VISUPOL) mécht den Asaz vu Kameraen am ëffentleche Raum méi einfach, méi séier a méi effikass.

Mam Gesetz iwwert d’Sammelklo kréien d’Konsumenten endlech d’Méiglechkeet, sech gemeinsam géint Firmen ze wieren.

D’Liewensmëttelkontrolle vun der ALVA kruten en neie juristesche Kader.

Och am Beräich Wirtschaft an Aarbecht huet d’Stéphanie zu Gesetzer geschwat:

D’Ëffnungszäiten am Commerce an am Liewensmëttelhandwierk goufen erweidert.

D’Bäihëllefe fir Betriber, fir an de Klima- an Ëmweltschutz kënnen ze investéiere goufen ausgebaut.

Bei der ADEM gi méi Prozeduren digitaliséiert an doduerch méi séier a sécher – och de Chômage kann elo online ugefrot ginn.

D’Aarbechtsrecht gouf op e puer Punkten ofgeännert, fir dass Beschäftegungsmesure fir jonk Leit méi attraktiv ginn.

An der Justiz huet d’Stéphanie zu diverse Gesetzer am Handels- a Gesellschaftsrecht esou wéi der Reform vum Prisongswiese geschwat.

D’Stéphanie wäert ënnert anerem Rapportrice vun der Ëmsetzung vum Asylpak ginn.

FOTOGALERIE

KOMMISSIOUNEN

  • Presidentin vun der Interieurskommissioun 
  • Vize-Presidentin vun der Kommissioun fir Exekutioun vum Budget
  • Member Kommissioun fir Wirtschaft, PME, Energie, Weltraum an Tourismus
  • Member Kommissioun fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
  • Member Aarbechtskommissioun
  • Member Justizkommissioun

Noriichten a Parlamentaresch Froen

CSV-Fraktioun am Austausch mat der Bauerenallianz
De Réckbléck aus der Chamber
Europäeschen Asyl- a Migratiounspakt an der Chamber gestëmmt
Parlamentaresch Fro
Nathalie MORGENTHALER
Stéphanie WEYDERT
Wéi ass d’Kompetenzopdeelung beim Rekrutement vum Léierpersonal an der Grondschoul gereegelt?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
No wéienge Critèrë ginn d’Pächter ausgewielt, wa Parzellen, déi mat ëffentleche Gelder ugeschaaft goufen, u privat Leit verpacht ginn?
JUSTIZ STÄERKEN DELAIE REDUZÉIEREN
VERÄINER ENTLAASCHTEN BENEVOLAT STÄERKEN
ÉIERLECH INFORMATIOUN FIR NOHALTEGE KONSUM
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Si Verbesserunge bei der elektronescher Apostille fir d'Zertifizéierung vun offizielle Dokumenter virgesinn?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wéi ass d'Performance vun der Luxair bei Vol-Annulatiounen, Pünktlechkeet, Qualitéit, etc. a wéi wierken sech déi operationell Schwieregkeeten aus?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Firwat sinn Schülerinnen a Schüler mat enger Beanträchtegung vun der Schoulfoire ausgeschloss?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wéi reagéiert d’Regierung op d’Urteel vu Koblenz zu den däitsche Grenzkontrollen a wéi eng konkret Konsequenze ginn elo erwaart fir Lëtzebuerg an de fräie Verkéier am Schengen-Raum?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wéi eng Auswierkungen hunn déi rezent gesetzlech Ännerungen op d’automatesch Desimmatrikulatioun vun eelere Gefierer an d’Informatioun vun de Proprietären?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wat ass d’Ursaach vun der rezenter Stéierung am elektronesche Bezuelverkéier zu Lëtzebuerg a wéi wëll d’Regierung d’Resilienz vun dëse Systemer an Zukunft garantéieren?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro: "Wéi vill Accorden SME Packages huet de Wirtschaftsministère am Ganze säit 2019 ënnerschriwwen?"
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Jean-Paul SCHAAF
Äntwert op d'Fro, ob de Kulturminister Bescheed weess iwwer déi schlecht Konditioune vun der Fotoausstellung „Family of Man“?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro: Wat gouf nom Rapport an de Recommandatioune vum Ombudsman ëmgesat, fir d'Situatioun vun de Fraen am Prisong ze verbesseren?"
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Rauchmelder a Leit mat enger Gehéieraschränkung: Ginn d'Leeschtunge vun der Fleegeversécherung fir technesch Adaptatiounen ugepasst?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro, wéi eng Verbindungen mat Schülerbussen et aktuell aus dem Osten bei d'Akerbauschoul ginn
Parlamentaresch Fro
Jeff BOONEN
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro: "No wéi enger konkreter Prozedur entscheeden Netzbedreiwer, e Photovoltaik- oder Wandenergieprojet op eng Waardelëscht ze setzen oder en direkt zréckzehalen?"
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Jeff BOONEN
Äntwert op d'Fro zur Situatioun vun der Rannerkränkt "Lumpy Skin Disease" a wat fir Moosname am Fall vun engem positive Befund ergraff ginn
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro, fir wat a verschidde Fäll personaliséiert Autosplacken net automatesch iwwerholl kënne ginn
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro, wéi d'Konditioune sinn, fir e neien, méi staarken Hörapparat vun der CNS rembourséiert ze kréien
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro: "Stroumleitunge op Privatterrain: wéi ginn d’Indemnitéiten aus Servituden steierlech behandelt, a gesäit d’Regierung e spezielle Regime vir?"
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Le gouvernement prévoit-il d’adapter le cadre funéraire pour inclure le compostage humain, une pratique plus respectueuse de l'environnement?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro: "Soll de legale Kader fir Koppelen ouni Bestietnes oder fir gepacste Koppele reforméiert ginn?"
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro zur Gëltegkeetsdauer vum Plastiks-Fürerschäin, déi net esou laang ass wéi d'Fuererlabnis selwer
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Äntwert op d'Fro no de Suite vun den 1.178 Police-Interventiounen 2024 wéinst haislecher Gewalt
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Eng besser Ofstëmmung vun den Horairen tëschent Zich a Busser
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Ass de geféierleche Borna-Virus schonn zu Lëtzebuerg nogewise ginn a wa jo, wéi ass d'Regierung dorop virbereet?
Parlamentaresch Fro
Jeff BOONEN
Stéphanie WEYDERT
Fir wat stousse Projet‘en am Beräich vun der Photovoltaik ëmmer méi dacks op Limitatioune beim Uschloss un d’Stroumnetz a wéi vill konnte net realiséiert ginn?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wéi wäert d’Regierung op d’Repercussioune vun den Accidenter un de Muselschleise reagéieren a wéi soll d’Fonctionnement vum Schëffsverkéier garantéiert ginn?
Parlamentaresch Fro
Jeff BOONEN
Octavie MODERT
Stéphanie WEYDERT
Naturschutz a Landwirtschaft: Wie mécht bei de Biodiversitéitsprogrammer mat?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wat fir Moossnamen huet d’Regierung geplangt oder schonn ëmgesat, fir Gewalt an de Prisongen ze verhënneren an d’Sécherheet vum Personal ze garantéieren?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Conditions d’adoption d’un animal dans les refuges
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Liewensmëttelkontrollen op de Chrëschtmäert ?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
No Dout vu 5 Hënn an enger Hondspensioun : Leien d'Resultater vun der Autopsie vir a wéi kann een d'Gesetzer ännere fir esou tragesch Virfäll ze verhënneren ?
Parlamentaresch Fro
Jeff BOONEN
Stéphanie WEYDERT
Ass d'Regierung der Meenung, dass d’Waasserkraaftwierk zu Rouspert eng Zukunft huet?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Ënnert wéi enge Konditiounen däerf e Proprietär e Bam, deen an enger Réserve naturelle steet, oder e "Biotopbam", ëmmaachen?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wéi ka sécher gestallt ginn, dass Gidder, déi keen CE Zertifikat hunn, net duerch d’Hannerdier importéiert ginn?
Parlamentaresch Fro
Jeff BOONEN
Stéphanie WEYDERT
Goufen hei zu Lëtzebuerg scho Fäll vun epizootescher Hemorrhagie bei de Ranner festgestallt?
Parlamentaresch Fro
Octavie MODERT
Stéphanie WEYDERT
Gouf et och scho Fäll vun der Afrikanescher Schwéngspescht hei zu Lëtzebuerg? Wéi kënnen d'Baueren sech beschtméiglech schützen, datt se déi Kränkt net an hire Bestand kréien?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Gedenkt de Ministère de Finanzement vun de Musekschoulen unzepassen fir an Zukunft och déi Schüler fir de Finanzement mat en compte ze huelen déi am Laf vum Schouljoer opgehal hunn an esou d’Gemengen ze entlaaschten?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Quels sont actuellement les temps d’attente pour pouvoir établir un diagnostic d’autisme ? Comment est-ce que ce temps d’attente peut-il être réduit ?
Parlamentaresch Fro
Octavie MODERT
Stéphanie WEYDERT
Et wäerten 3 nei Mastergäng fir Enseignanten an der Grondschoul op der UNI.lu ugebuede ginn. Wéi vill Prozent vun den aktuelle brevetéierten Enseignanten an de Lëtzebuerger Grondschoulen erfëllen dës Zouloossungskrittären?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Wéi vill gîtes touristiques ginn et aktuell hei zu Lëtzebuerg?
Parlamentaresch Fro
Octavie MODERT
Stéphanie WEYDERT
Op wéi enger Zäitschinn ass virgesinn, den Iechternacher Park nees an d’Rei ze setze souwuel vun de Schied, déi nach ëmmer no den Iwwerschwemmunge bestinn, wéi och wat vereenzelt strukturell Infrastrukturen ubelaangt ?
Parlamentaresch Fro
Stéphanie WEYDERT
Aus wéi engem Grond mussen déi bestoend Agrement‘e vun den diverse Gestionnairen "des services pour personnes âgées" elo matt deem neie Qualitéitsgesetz erneiert ginn?
Parlamentaresch Fro
Marc LIES
Stéphanie WEYDERT
Kann d'Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten eis soe wéi wäit d'Präparatiounsaarbechten op dem CR139 virugeschratt sinn?