CHAMBERAARBECHT
Dem Ricardo säi grousse Sujet ass den Educatiounssystem:
Déi ëffentlech Europaschoule bidde verschidde Kanner Flexibilitéit, si kënnen a sollen awer den traditionelle System net ersetzen.
Hien huet zum Projet ALPHA geschwat, e Gesetz, mat deem d’Alphabetiséierung op Franséisch agefouert gouf. Dës Reform géing fir méi Chancegläichheet suergen. Lëtzebuergesch kritt esouguer méi eng wichteg Plaz, wëll d’Niewefächer op Lëtzebuergesch sinn. Suerge bereeden déi néideg zousätzlech Klassesäll an den Iwwergang an de Lycée. Ganz wichteg wier en Ëmsetzungsplang an eng reegelméisseg Evaluatioun mat Rapporten.
Als Psycholog ass déi psychesch Gesondheet e wichtege Sujet fir hien:
Dem Ricardo seng Propos, mam 119 eng national Telefonsnummer anzeféieren, hannert där eng multidisziplinär Ekipp steet, déi séier reagéiert, wann eng Persoun a mentaler Nout urifft, gouf unanime an der Chamber ugeholl.
D’Santé mentale vun de Kanner läit him besonnesch um Häerz.
Si ass eng Prioritéit a brauch Präventioun, Fréierkennung an en einfachen Zougang zu Hëllefen.
Beim Social-Media-Accès fir Jonker, verlaangt hien, de Kanner bis 16 Joer ee séchere Kader ze bidden an si aus dëser Influenz erauszehuelen.
D’Technologie misst dem Mënsch déngen, an net ëmgedréint.
De Ricardo wäert den Dossier vum Jugendschutzgesetz betreien.