CHAMBERAARBECHT
De Michel war Rapporter vu verschidde Gesetzer am Steierrecht, virun allem vun Duebelbesteierungsofkommes mat ville Länner. Awer och d’Gesetzesännerunge, mat deenen d’Pensiounsreform ergänzt gëtt, huet hien an der Chamber virgestallt:
- Vun 2026 u gëtt et een Abattement vu 750 Euro pro Mount (maximal 9.000 Euro pro Joer) fir Salariéeën, déi fräiwëlleg, trotz Urecht op Pensioun, nach weider schaffe ginn. D’Zil ass, Ureizer ze ginn, méi laang am Beruffsliewen ze bleiwen,fir dass de reelle Pensiounsantrëttsalter méi no bei de gesetzleche vu 65 Joer geréckelt gëtt
De Plafond fir eng privat Zousazpensiounsversécherung steierlech als Spezialdepensen ofsetzen ze kënnen, ass vun 3.200 op 4.500 Euro pro Joer gehuewe ginn
Als éischt Land an Europa huet Lëtzebuerg e sougenannten Defence Bond erausginn – e Gesetz, wat de Michel rapportéiert huet an der Chamber:
- D’Depensë fir d’Verdeedegung sollen zum Deel duerch dëse Staatsemprunt an Héicht vun 150 Milliounen Euro finanzéiert ginn. D’Bierger kënnen an dës Obligatiounen investéieren an d’Zënse si steierfräi
De Michel war och dreiwend Kraaft, fir eng kloer Positioun ze bezéien, fir eise solidaresche Gesondheetssystem ze erhalen an ze stäerken. E System mat verschidde Leeschtungsklasse wäert et zu Lëtzebuerg net ginn: Neen zur Zwee-Klasse Medezin.
Dem Michel seng Schwéierpunkte wäerten op der Steierpolitik leien.