CHAMBERAARBECHT
De Jean-Paul war Spriecher fir d’Gesetz iwwert de Museksunterrecht, dat ugepasst gouf.
Hien huet begréisst, dass d’Gemengen an Zukunft finanziell besser ënnerstëtzt, an d’Schoulorganisatioun an d’Offer vun de Coursen ugepasst ginn. Domadder gëtt de wäertvolle Museksunterrecht op méi sécher Féiss gestallt, mécht de Jean-Paul kloer. Dëst wier Bildungs-, Sozial- a Kulturpolitik an een Invest an d’Mënschen am Land.
Hie wäert als Rapporter zum neie Bibliothéiksgesetz schwätzen.
Hien huet fir d’CSV och zum neie Reglement fir d’Petitioune geschwat. Do gouf en neie Quorum vu 5.500 Ënnerschrëften agefouert, d’Websäit méi benotzerfrëndlech gemaach an e Verfaren agefouert, fir Petitionären ze identifizéieren. D’Petitioune sinn e wichtegt Instrument am demokratesche System - mat de neie Reegele ginn d’Rechter vun de Petitionäre gestäerkt, huet hie betount.
A sëllege parlamentaresche Froe weist de Jean-Paul ëmmer erëm op kritesch Punkte virun allem am Norden hin: Stroossebau, Zuchstrecken, archeologesch Ausgruewungen, awer och Infrastrukturen am Sozial- an Educatiounsberäich si seng Sujeten.
De Jean-Paul wäert säi Schwéierpunkt op d’Dossieren an der Familljepolitik leeën.