Emile EICHER
EMILE EICHER CLIERF, EKONOMIST

Emile Eicher gouf 1955 zu Clierf gebuer. Hien huet Ekonomie zu Freiburg studéiert a war berufflech als Beroder fir Entreprisen aus der Landwirtschaft an aus dem Wäibau aktiv. 

Seng politesch Karriär huet an der Kommunalpolitik ugefaangen:Tëscht dem 1. Januar 1994 an dem 5. Dezember 2011 war hie Buergermeeschter vu Munzen a no der Fusioun vun 2011 bis 2023 Buergermeeschter vun der Gemeng Clierf. Bekannt ginn ass hien als Präsident vum SYVICOL (Syndicat des villes et communesluxembourgeoises), e Posten, deen hien zënter Mee 2012 ausfëllt. 

2006 ass den Emile Eicher Member vun der CSV ginn, 2009 gouf hien du fir d’éischt an an d’Chamber gewielt, wou hien zënterhier siegéiert. Hien ass CSV-Spriecher fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten an och Vize-Präsident vun dëser Kommissioun. Dernieft ass hie Member vun der Kommissioun fir Baussen- an Europapolitik, fir Wunnengsbau a Landesplanung, fir d’Fonction publique, vun der Interieurskommissioun an der Defensekommissioun.

Emile Eicher ass bestued a Papp vu dräi Kanner.

Mir musse méi séier virukommen – d’Beschleunegung vun de Prozeduren ass essenziell.
Emile Eicher

CHAMBERAARBECHT

Den Emile ass laangjärege President vum Gemengesyndikat Syvicol. Hie vertrëtt do d’Interessien net nëmme vun de Gemengen a Stied, mee virun allem vun de Bierger. 

D’Vereinfache vun de Prozeduren op all Niveaue vum Liewe muss onbedéngt virugedriwwe ginn, fuerdert hien. En excellente Service um Bierger kéint nëmme geleescht ginn, wann och déi kommunal Servicer nei definéiert a professionaliséiert ginn. Do dru géing geschafft ginn. Dat geplangten nationaalt Bautereglement an d’Grondsteierreform si wichteg, fir am Logement virun ze kommen. 

Als Spriecher fir de Beräich Mobilitéit begréisst hien, dass 1 Milliard Euro an d’Moderniséierung an den Ausbau vum Findel investéiert ginn. Aarbechte sinn ënnert anerem um Tower, dem Terminal a bei de Parkings-Méiglechkeete virgesinn. Fir d’Passagéier bedeit dat méi Confort a méi Sécherheet. Dernieft kréien och d’Awunner Hëllefe, wann si hir Haiser géint de Kaméidi isoléiere wëllen.

D’Gesetz fir déi zousätzlech Pëtrolslager ass gestëmmt. 

Am Beräich vun den ëffentleche Bauten huet hien zum Gesetzprojet geschwat, mat deem de Klierfer Lycée vergréissert gëtt:

Ronn 109 Milliounen Euro ginn hei investéiert. D’Schülerpopulatioun soll vun 800 Schüler op bis zu 1.580 uwuessen.

Den Emile freet sech, weider Gesetzer am Beräich vum Transport an der Stroosseninfrastruktur, virun allem am Norden traitéieren ze kënnen.

FOTOGALERIE

KOMMISSIOUNEN

  • Member Kommissioun fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau 
  • Member Kommissioun fir Educatioun, Kandheet a Jugend 
  • Member Kommissioun fir Héichschoul, Fuerschung an Digitaliséierung
  • Member Petitiounskommissioun 
  • Member Kommissioun fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen, Gläichstellung an Diversitéit 
  • Member Kulturkommissioun

Noriichten a Parlamentaresch Froen

Entrevue mat der UEL iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Charel WEILER
Ass d’Sécherheet am Tunnel Grouft duerch d’Dampentwécklung a Gefor a bleift den Zäitplang fir d’Reouverture bestoen?
Parlamentaresch Fro
Jeff BOONEN
Emile EICHER
Géif eng dezentral Organisatioun vum praktesche Führerschäinsexamen an der Kategorie F deene Jonken et net méi zougänglech maachen an de Verkéiersfloss verbesseren?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Octavie MODERT
Wéi wäert d’Regierung déi widderhuelend Defekter un der Start- a Landepist vum Findel léise fir d'Sécherheet vum Flughafen zukünfteg ze garantéieren?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Marc SPAUTZ
Wat ass de Stand vum Projet fir de Bau vum neie Kontrolltuerm um Findel a wéi eng militäresch Relevanz huet dëse Projet?
Parlamentaresch Fro
Wéi gesäit déi generell Zäitschinn fir de gesamten Ëmbau vun der N7 aus?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Martine HANSEN
Kann de Minister eis soen, wéi vill d’RGTR Linn 179 an de leschte Méint benotzt ginn ass?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Martine HANSEN
Wat huet zu der Fermeture vum Siège vum Guichet SNCA an der Regioun Klierf gefouert?
Parlamentaresch Fro
Ass et zu weidere Komplikatioune bei den Aarbechten am Tunnel Schieburg komm?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Firwat ass Lëtzebuerg kee Member vum IPCAN?
Parlamentaresch Fro
Am ganze Land feelt et zanter Joren u Kapazitéiten an de Bauschuttdeponië. Wéini kënnt et zu der geplangten Extensioun vun der Decharge Housen an der Decharge Noutem ?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Martine HANSEN
Ass et wouer datt aktuell all eenzel stoend Haus just eng privat Luetstatioun fir E-Autoen vun der CREOS autoriséiert kritt?
Parlamentaresch Fro
Wéi wäit sinn d’Aarbechten am Tunnel „Schiebuerg“ mëttlerweil virugeschratt?
Parlamentaresch Fro
Kann Regierung ons Grënn matdeele firwat d’Extensioun vun der Bauschuttdeponie zu Housen nach net autoriséiert ginn ass?
Parlamentaresch Fro
Wou ass et technesch méiglech fir d'Capacitéit op der Nordstreck ze erhéijen?
Parlamentaresch Fro
Wéi laang wäert d’Nord-Streck fir den Eisebunnsverkéier gespaart bleiwen ?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Martine HANSEN
Jean-Paul SCHAAF
Ass Regierung gewëllt ze hëllefen, dass de Musée Thillenvogtei zu Randschelt , deem seng Gebailechkeeten denkmalgeschützt sinn, an dei ëffentlech Hand iwwergeet ?
Parlamentaresch Fro
Ass den Occupatiouns-Taux vun der Strukture fir Flüchtlingen op engem kritesche Punkt ?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Martine HANSEN
D’Ausbildung vum Rettungsassistenten (RettAss) erlaabt et de Sekuristen an de Nopeschlänner fir an Noutfäll medezinesch Agrëffer virzehuelen. Wéi ass d'Formatioun an d'Funktioun vum Rettungsassistent hei zu Lëtzebuerg geregelt?
Parlamentaresch Fro
Wéi eng Variante ginn et fir de Contournement vun Ettelbréck a wéini fält eng Decisioun ?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Martine HANSEN
Nei Opdeelung vu Juegdlousen : Firwat sinn d'Informatiounsversammlungen zum Deel während de Schaffzäite vun de Leit ?
Parlamentaresch Fro
Wéini kënnt de Contournement vun Ettelbréck an Nidderfelen ?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Aly KAES
Ze kleng respektiv onzoutreffend Beschëlderung féiert an den Dierfer zu héiger Verkéiers- an Ëmweltbelaaschtung duerch den LKW-Verkéier.
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Martine HANSEN
Fristverlängerungen für die allgemeinen Bebauungspläne: sind die Verzögerung auf Umweltprüfungen und Verträglichkeitsuntersuchungen zurück zu führen?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Marc SPAUTZ
Étude portant sur les offices sociaux régionaux: Madame la Ministre peut-elle confirmer qu'une étude a été commanditée au sujet de ces offices ? Madame la Ministre peut-elle confirmer que cette étude est bien terminée ? Dans l’affirmative, Madame la Minis
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Ginn d'Geschäfter, déi zu Lëtzebuerg CBD-Produite verkafen, kontrolléiert ?
Parlamentaresch Fro
Le Centre d'Incendie et de Secours (CIS) Diekirch est-il encore opérationnel?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Laurent MOSAR
Nouveaux sites pour décharges pour déchets inertes ?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Marc LIES
E Joer nom Akraafttrieden vu der Gemengefinanzreform - Wei héich waren 2017 Dotatiounen un déi eenzel Gemengen?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Léon GLODEN
Arrêt de la Cour constitutionnelle n°00131 du 8 décembre 2017
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Léon GLODEN
Firwat ginn et ënnerschiddlech Donneeë fir d'Berechnung vun de Kontributioune vun de Gemengen ?
Parlamentaresch Fro
Emile EICHER
Léon GLODEN
Nei PAG'en : Bleift et beim Delai vum 8.8.2018 ?