Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
D’École nationale pour adultes (ENAD) bitt Erwuessenen, déi hir Schoulausbildung net ofgeschloss hunn oder sech berufflech nei orientéiere wëllen, eng zweet Chance. Si erméiglecht hinnen, en Diplom, e Schoulofschloss oder eng berufflech Qualifikatioun nozehuelen, a leescht domat e wichtege Bäitrag zur Chancëgläichheet an zur Bekämpfung vum Schoulofbroch.
Zanter hirer Grënnung huet sech d’Offer vun der ENAD staark weiderentwéckelt. De gesetzleche Kader baséiert awer nach ëmmer gréisstendeels op dem modifizéierte Gesetz vum 12. Mee 2009. Gläichzäiteg betreit d’Schoul haut iwwer 700 Apprenanten, déi op véier verschidde Standuerter zu Esch-Belval an an der Stad Lëtzebuerg verdeelt sinn.
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°619 aus dem Joer 2024 hat d’Regierung matgedeelt, datt eng Rei Kandidaten net konnten ugeholl ginn. Donieft gouf en definitiivt Gebai fir d’ENAD um Kuebebierg ugekënnegt, ouni datt deemools e konkreten Zäitplang konnt genannt ginn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Educatiounsminister un stellen:
Wéi vill Apprenante sinn aktuell an der ENAD ageschriwwen? Wéi vill Kandidature konnten an de Schouljoren 2024/2025 an 2025/2026 net ugeholl ginn, a wéi vill dovunner wéinst feelende Plazen, Personal oder Infrastrukturen?
Kënnen d’Ministeren en Iwwerbléck iwwer déi aktuell Standuerter ginn? Wéi eng dovunner sinn der ENAD dauerhaft zur Verfügung gestallt a wéi eng gi just provisoresch genotzt?
Wéi huet sech de Projet vum definitive Site um Kuebebierg zanter 2024 entwéckelt?
Wéi eng Moossname wäert d’Regierung bis zur Fäerdegstellung vum definitive Site huelen, fir genuch Plazen a gläichwäerteg Léier- an Aarbechtsbedéngungen op alle Standuerter ze garantéieren?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.