Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.
Rezent international Medieberichter weisen op eng staark Entwécklung vun engem staatlech beaflosste Krypto-Ökosystem am Iran hin. An engem Kontext vu staarke wirtschaftleche Sanktiounen an enger massiver Ofwäertung vun der iranescher Wärung, gi Kryptowärungen ëmmer méi als Instrument benotzt, souwuel vun der Zivilbevëlkerung fir hir Erspuernisser ze sécheren, wéi och vu staatlechen oder parastaatlechen Acteuren, fir international Sanktiounen ze ëmgoen.
Dobäi gëtt och drop higewisen, datt dës digital Verméigenswäerter an engem „Schattenfinanzsystem“ agesat kéinte ginn, ënnert anerem fir den Handel mat sanktionéierte Ressourcen (z.B. Ueleg) oder fir d’Finanzéierung vu militäreschen Aktivitéiten.
Virun dësem Hannergrond stellt sech och fir Lëtzebuerg, als wichteg Finanzplaz, d’Fro no de Konsequenzen a méigleche Risiken, déi aus dësen Entwécklunge resultéieren, besonnesch am Beräich vun der Bekämpfung vu Blanchiment, d’Finanzéierung vun Terrorismus an d‘Ëmgeeung vu Sanktiounen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Finanzminister an un d’Madamm Justizministesch stellen:
Wéi bewäert d’Regierung déi rezent Entwécklungen am Beräich vun der Notzung vu Kryptowärungen duerch staatlech oder parastaatlechen Acteuren a sanktionéierte Länner, a wéi eng potenziell Auswierkunge gesäit si fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz, notamment fir hei am Land etabléierte Krypto-Plattformen?
Gesäit d’Regierung Risiken, datt esou digital „Schattenfinanzsystemer“ d’Effikassitéit vun internationale Sanktiounen schwäche kéinten?
Wat mécht d’Regierung, fir de Finanzsecteur géint Mëssbrauch vu Kryptowärungen ze schützen, besonnesch bei geopolitesch Konflikter?
Denkt d’Regierung doriwwer no an dësem Kontext, innovativ Technologien, wéi Kënschtlech Intelligenz, ze notzen fir suspekt Krypto-Transaktiounen besser ze iwwerwaachen, ouni dobäi fundamental Rechter a Privatsphär ze verletzen ?
Wat fir eng konkret Mesuren si geholl oder geplangt fir géint de Blanchiment, d’Finanzéierung vun Terrorismus an d‘Ëmgeeung vu Sanktiounen iwwert Kryptowärunge virzegoen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Diane Adehm
Deputéiert