Wat ass d’Ursaach vun der rezenter Stéierung am elektronesche Bezuelverkéier zu Lëtzebuerg a wéi wëll d’Regierung d’Resilienz vun dëse Systemer an Zukunft garantéieren?

Stéphanie WEYDERT

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.

No rezente Medieninformatiounen ass et e Méindegnomëtteg zu Lëtzebuerg zu enger temporärer Stéierung am elektronesche Bezuelverkéier komm, mat der Konsequenz, datt op verschiddene Plazen zäitlech begrenzt keng Bezuelunge mat Bankkaarte méi méiglech waren. Bis ewell schéngt déi genee Ursaach vun dësem Tëschefall nach net opgekläert ze sinn. An enger Zäit, an där elektronesch Bezuelmëttel am Alldag vu Biergerinnen a Bierger wéi och am wirtschaftleche Liewen eng ëmmer méi grouss Bedeitung hunn, werft esou eng Stéierung legitim Froen no der Zouverlässegkeet, der Stabilitéit an der Resilienz vun de concernéierte Systemer op.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un den Här Finanzminister an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus ze stellen :

 

  • Ass der Regierung de genauen Ursprong vun dëser Stéierung mëttlerweil bekannt?

  • Wéi eng Bezuelsystemer a wéi eng Zorte vu Kaartetransaktioune ware konkret vun dësem Ausfall betraff?

  • Wéi vill Zäit huet d’Stéierung effektiv gedauert, a wéi vill Geschäftsplazen waren dovu betraff?

  • Goufen et am Kader vun dësem Tëschefall Nout- oder Back-up-Prozeduren, fir d’Kontinuitéit vum Bezuelverkéier ze garantéieren?

  • Sinn zousätzlech Mesurë geplangt, fir d’Risike vun sou Ausfäll an Zukunft ze reduzéieren an d’Versuergungssécherheet am Bezuelverkéier ze stäerken?

     

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert 

Deputéiert