Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.
Am Juli 2021 gouf d’Finanzéierungsgesetz fir den Ausbau vun der B7 (E421) op 4 Spueren tëscht den Echangeure Schieren an Ettelbréck an der Chamber ugeholl. Am Budget Pluriannuel fir 2025 ass eng éischt Finanzéierungstranche vun iwwer 10 Milliounen Euro virgesinn, an den Ausbau ass bis 2028 budgetiséiert, mat engem Total vun iwwer 67 Milliounen Euro. Dësen Ausbau ass wichteg fir de Verkéier an a ronderëm Ettelbréck a Schieren ze entlaaschten an d’Haaptachs tëscht der der Nordstad an der Stad ze verbesseren.
Zu dësem Thema wéilt ech der Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten follgend Froe stellen:
- Wéini soll de Chantier vum Ausbau vun der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck ugoen?
- Wéi laang soll dëse Chantier daueren? Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jean-Paul Schaaf