Covid 19 : Sinn d'Mesuren an den Alters- a Fleegeheimer am Aklang mat enger gesamter nationaler Strategie ?

Marc SPAUTZ

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend dringend parlamentaresch Fro un d‘ Madamm Familljeministesch weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no sëtzen eng Rei Alters- a Fleegeheimer fir di nächst 3 Wochen erëm inviduell Gesondheetsmesüren en place fir de Covid-19 anzedämmen. Dëst beinhalt ënnerschiddlech Oploen fir Visitten respektiv Quarantänsmesuren.

 

An dësem Kontext well ech folgend Froen un d‘ Madamm Familljeministesch stellen:

 

-          Ass dës Virgoensweis vun den Haiser am Aklang mat enger gesamter nationaler Covid19 Strategie?

-          Wéi ass d‘ Positioun vun der Madamm Ministesch fir hei Sécherheet a Fräiheet an en Aklang ze kréien?

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

Marc Spautz

Deputéierten