Wéi wëllt d’Regierung de Gesondheetszoustand vun eise Bëscher verbesseren?

Här President,


Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weider ze leeden.
Déi rezent Zuele vum STATEC iwwert de Gesondheetszoustand vun eise Bëscher sinn alarméierend. Wärend 1990 nach 60 % vun de Beem ouni Schied waren, sinn et 2024 nëmmen nach 15,1 %. Gläichzäiteg ass den Undeel vun de Beem, déi däitlech geschiedegt sinn, vu 15,9 % am Joer 1990 op 58,4 % am Joer 2024 geklommen. Den Undeel vun de liicht geschiedegte Beem läit 2024 bei 26,5 %.
Dës Entwécklung weist, datt de Gesondheetszoustand vun eise Bëscher sech an de leschten dräi Joerzéngte massiv verschlechtert huet. Dofir huet de Regierungsrot den 22. Abrëll 2026 eng national Strategie mat engem Aktiounsplang fir d'Upassung un de Klimawandel ugeholl. Dës enthält och Mesurë fir d'Bëscher. Ausserdeem gouf en neie Plang fir d'Renaturéierung ausgeschafft, dee besonnesch d'Gesondheet vun de Bëscher soll berücksichtegen.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit stellen:


1. Wéini gëtt de virleefegen nationale Renaturéierungsplang publizéiert? Wéi ginn déi scho beschlosse Mesurë vun der nationaler Klimaupassungsstrategie konkret ëmgesat, a wéi eng Roll spillen dobäi d'Administration de la nature et des forêts (ANF) an d'Gemengen?
2. Wéi eng konkret, moossbar Ziler an Zäitpläng gesäit d'Regierung vir, fir de Gesondheetszoustand vun eise Bëscher an de kommende Joren ze verbesseren?
3. Wéi gëtt d’ANF an d'Ausschaffung an d'Ëmsetzung vun dëser Strategie agebonnen? Verfüügt d'ANF iwwer déi néideg personell a finanziell Mëttelen, fir déi virgesinne Mesuren um Terrain ëmzesetzen?
4. Wéi ginn d'Gemengen, déi eng wichteg Roll als Bëschbesëtzer an als lokal Acteure spillen, an dës Strategie agebonnen? Ass eng strukturéiert Concertatioun mat de Gemenge virgesinn?
5. Wéi gëtt d'Lëtzebuerger Privatbësch a.s.b.l. , déi och eng wichteg Roll als lokal Acteure spillen, an dës Strategie agebonnen? Ass eng strukturéiert Concertatioun mat hinne virgesinn?


Här President, mir bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen
Deputéierten
Ricardo Marques
Deputéierten