Wéi kann d’Bewäertung vum travail de vacances am Zäitalter vun der kënschtlecher Intelligenz nach fair an zouverlässeg bleiwen?

Ricardo MARQUES
Marc LIES

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden. 

D’Commission nationale de l’enseignement secondaire classique « Allemand » huet an engem Schreiwes vum 14. Mee 2026 op d’Problematik vun den aktuellen Evaluatiounsmodalitéite beim travail de vacances respektiv travail de révision higewisen. Konkret gëtt drop opmierksam gemaach, datt den Dossier aktuell mat 15 Punkten an d’Bewäertung afléisse kann, wärend d’kontrolléiert Prüfung 45 Punkten ausmécht. Am Kontext vun der ëmmer méi einfacher Disponibilitéit vun Instrumenter op Basis vu kënschtlecher Intelligenz stellt sech d’Fro, ob esou en Dossier nach eng zouverlässeg Bewäertung vun den eegene Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler erméiglecht.

D’Kommissioun ënnersträicht dobäi, datt den Dossier als pedagogescht Virbereedungsinstrument erhale soll bleiwen, awer net méi bewäert soll ginn. D’Bewäertung soll, hirer Meenung no, ausschliisslech op der Schlussprüfung baséieren, fir Fairness an Zouverlässegkeet ze garantéieren. 

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Ass de Ministère sech der Problematik bewosst, datt schrëftlech Dossieren am Kader vum travail de vacances oder travail de révision duerch den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz ëmmer manner als zouverlässeg Leeschtung kënnen ugesi ginn?

  • Gedenkt de Ministère, d’aktuellen Modell tëscht Dossier a Schlussprüfung z’iwwerschaffen?

  • Ass virgesinn, de pedagogesche Mehrwäert vum Dossier als Virbereedungs- a Revisiounsinstrument bäizebehalen, ouni datt dëse weiderhin an d’Bewäertung afléisst? 

  • Ginn et schonn eng Concertatiounen mat de nationale Kommissiounen an de Gewerkschaften iwwert eng méi breet Upassung vun den Evaluatiounsformen am Kontext vun der kënschtlecher Intelligenz?

Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.

Ricardo Marques
Marc Lies