Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës
parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Konsumenteschutz an un d’Madamm
Gesondheetsministesch weider ze leeden.
Rezent gouf an der Press iwwer eng Etüd bericht, déi opweist, datt sougenannte „Quetschies“,
also Plastikbeidelcher mat Babynarung, beim Konsum eng héich Zuel u Mikroplastik-Partikelen
fräisetzen. Laut enger Analys vum norwegesche Fuerschungsinstitut SINTEF Ocean géifen dës
Plastikpartikelen duerch d’Suckele vun de Kanner aus de méi-schichtege Plastiksverpackungen
an d’Liewensmëttel respektiv an de Kierper geroden. Betraff wieren ënner anerem Produite vu
groussen internationale Marken.
Besonnesch am Kontext vum Schutz vun der Gesondheet vu Puppelcher a klenge Kanner stellt
sech d’Fro, wéi dës potenziell Belaaschtung duerch Mikroplastik ze bewäerten ass a wéi eng
Kontroll- a Preventiounsmesuren zu Lëtzebuerg existéieren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Konsumentenschutz an
un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:
1) Ass der Regierung dës Etüd bekannt a wéi bewäert si déi präsentéiert Resultater am
Hibléck op d’Gesondheetsrisike vu Mikroplastik bei Puppelcher a klenge Kanner?
2) Ginn zu Lëtzebuerg spezifesch Kontrollen oder Analysen op Mikroplastik a
Babynarung duerchgeféiert, besonnesch bei Produiten, déi a Plastiksverpackunge wéi
„Quetschies“ verkaaft ginn?
3) Leien den zoustännegen Autoritéiten Erkenntnisser oder Donnéeën iwwert
d’Belaaschtung vu Babynarung duerch Mikroplastik um Lëtzebuerger Marché vir?
4) Wéi eng Recommandatioune kréien Elteren aktuell mat op de Wee, fir d’Expositioun
vu Puppelcher a klenge Kanner géintiwwer Mikroplastik ze reduzéieren?
5) Ass virgesinn, Konsumentinnen a Konsumenten iwwer méiglech Risike vu Mikroplastik
an dëse Produiten ze sensibiliséieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.