Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Zanter puer Deeg ass Lëtzebuerg mat enger aussergewéinlecher Hëtztwell konfrontéiert. An deem Kontext hunn d'Autoritéiten d’Bevëlkerung drop higewisen, kierperlech ustrengend Aktivitéiten ze vermeiden, sech méiglechst am Schiet oder op kille Plazen opzehalen a vill ze drénken. Aus Virsiicht goufen eng Rei kulturell a sportlech Aktivitéiten ugepasst, verluecht oder ofgesot.
Gläichzäiteg huet d'Inspection du Travail et des Mines (ITM) Recommandatioune publizéiert, déi virgesinn, datt Aarbechten an der praller Sonn a bei extremer Hëtzt esou wäit wéi méiglech ugepasst oder limitéiert solle ginn, fir d'Gesondheet vun de Salariéen ze schützen.
Trotzdeem ginn aktuell op verschiddenen Autobunne gréisser Chantieren duerchgefouert, bei deenen d'Aarbechter wärend de wäermste Stonnen am Fräien ënner extremen Temperature schaffen. Zousätzlech féieren dës Chantieren zu Verkéiersbehënnerungen a Stauen, an deene vill Automobilisten iwwer laang Zäit der Hëtzt ausgesat sinn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Gouf virum Entscheeden iwwer d'Duerchféierung vun dëse Chantieren eng Evaluatioun vun de Gesondheets- a Sécherheetsrisike fir d'Aarbechter gemaach?
Op Basis vu wéi enge Krittäre gëtt decidéiert, ob ëffentlech Chantiere bei extremer Hëtzt kënne weiderlafen oder misste gestoppt ginn?
Kann d’Madamm Minister confirméieren, datt déi betraffen Aarbechten net op e spéideren Zäitpunkt hätte kënne verréckelt ginn?
Goufen Alternativen, wéi déi méi kill Moies- oder Owesstonnen oder eng temporär Ënnerbriechung vun den Aarbechten, analyséiert? Wa jo, mat wéi engem Resultat?
Wéi gëtt séchergestallt, datt d'Entreprisen, déi op dëse Chantiere schaffen, d'Recommandatioune vun der ITM an hir Flicht zum Schutz vun de Salariée konsequent respektéieren?
Wier d'Madamm Minister bereet, am Fall vun offiziell ausgeruffenen Hëtztalarmer (Alerte rouge) ze préiwen, ob d'Pläng fir net urgent Stroossechantieren ugepasst kéinte ginn, fir d'Gesondheet vun den Aarbechter besser ze schützen a gläichzäiteg d'Belaaschtung fir d'Verkéiersparticipanten ze reduzéieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.